Background am Gespréich vum 13. OktoberPaulina Dabrowska, Valérie Klein a Karolina Markiewicz

Invitéen dëse Samschdeg an der Emissioun Background am Gespréich waren 3 Persounen, déi a ganz verschiddene Beräicher schaffen.

Background mat der Zivilgesellschaft (13.10.2018)
Eng Stonn, fir hannert d'Kulissen ze kucken.

„De Wieler decidéiert“, dëse Standard-Politiker-Saz hu mer an de leschte Woche méi dacks héieren. Ma wat denkt dësen ominéisen Wieler? Wat hält en vun der Walcampagne? Ass en decidéiert? Dës Froen goufen e Samschdeg de Mëtteg an eiser Emissioun “Background am Gespréich” diskutéiert.

Et huet un Inhalter gefeelt, doranner ware sech déi 3 Fraen aus der Zivilgesellschaft, d’Paulina Dabrowska, d’Valérie Klein an d’Karolina Markiewicz eens. D’Politiker géingen zum Beispill soen, dass ee sech fir den Ëmweltschutz misst asetzen, ma Proposë géing een dann awer vermëssen, erkläert d’Valérie Klein. Mat konkrete Beispiller kéinten déi meescht Bierger awer méi ufänken an wéissten dann och, wou se drun sinn.

Et wär och vill Zäit an Energie verluer ginn, mat populisteschen Themen, wéi déi Lëtzebuerger Sprooch an d’Identitéit an dofir wäre wierklech wichteg Sujete wéi Fraerechter, Europa-Politik an Migratiouns-Politik guer net ugeschwat ginn, betount d’Kënschtlerin an Enseignante Karolina Markiewicz.

D’Invitéeë ware sech och eens, dass de Rôle vun de soziale Medien an dësem Walkampf méi prononcéiert war. Et wär an de sëlleche Videoen och vill méi ëm d’Perséinlechkeet vun de Politiker gaangen, wéi ëm den Inhalt vun hirem Walprogramm, erkläert d’Paulina Dabrowska. Déi jonk Fra, déi um Kannerbüro zu Wolz schafft, fënnt, dass och déi Jonk vill méi missten mat agebonnen ginn. Et géing net duer goen dass d’Politiker punktuell eng Kéier op eng Table Ronde an een Lycée ginn, ma et misst gekuckt ginn, wéi een déi praktesch politesch Bildung an d’Schoule kritt.

Background mat der Zivilgesellschaft

D'Emissioun "Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.