Réckbléck op d'Walen 2013Bezierk Zentrum

72.422 ageschriwwe Wieler, 188 Walbüroen an 189 Kandidaten. Dat sinn d'Eckdate vum Bezierk Zentrum.

Réckbléck - Bezierk Zentrum/Reportage Dany Rasqué



Déi leschte Kéier hat d'CSV an deem Bezierk déi meeschte Sëtz kritt. Et waren der 8.

Meeschtgewielte war iwwregens net den aktuelle Spëtzekandidat Claude Wiseler, mä de Luc Frieden. Hien hat 29.441 Stëmme kritt, trëtt dës Kéier awer net méi un.

Op zweeter an drëtter Plaz waren de Claude Wiseler an dann de Laurent Mosar, déi dräi eenzeg déi iwwer 20.000 Stëmme kritt haten.

Och de Véiertgewielten, dat war de Paul Henri Meyers, kandidéiert dës Kéier net méi.

Dofir ginn et awer nei Gesiichter op der Lëscht, erausstiechen dierft do wuel dat vum Viviane Reding.

D'DP hat déi leschte Kéier 6 Sëtz kritt an hat och dee Kandidat, deen déi meeschte Stëmme krut.

De Xavier Bettel war mat 32.064 Stëmme gewielt ginn.

D'Lydie Polfer war op 18.627 Stëmme komm an déi Drëttgewielten Anne Brasseur ass dës Kéier och net méi dobäi. Si hat iwwer 17.000 Stëmme kritt.

Da feelt, am Verglach mat 2013, och den Alexandre Krieps, dee bal 13.000 Stëmme kritt hat.

D'LSAP hat 3 Sëtz am Zentrum kritt.

Meeschtgewielten, de Spëtzekandidat Etienne Schneider, deen 19.682 Stëmme kritt hat. Hannert him waren de Marc Angel an de Franz Fayot, dräi Nimm, déi een och dës Kéier erëm op der sozialistescher Zentrumslëscht erëmfënnt.

Net méi dobäi ass par konter de fréiere Minister Lucien Lux, deen déi leschte Kéier den 8. gi war.

Déi Gréng waren am Zentrum op 2 Sëtz komm. Éischtgewielte war de François Bausch mat 11.598 Stëmmen. Bei deene Grénge ginn dës Kéier eng ganz Rei Leit net méi mat, déi 2013 op den éischte Plaze gelant waren.

Dat ass virop déi deemoleg Spëtzekandidatin Viviane Loschetter, si gouf nieft dem François Bausch vum Sam Tanson ersat. Dann, och net méi mat dobäi, den Drëttgewielte Claude Adam, d'Tilly Metz, déi 4. gi war an déi Sechsgewielte Françoise Folmer, déi jo virun e puer Méint als Co-Presidentin vun der Partei demissionéiert huet.

Déi Lénk haten déi leschte Kéier ee Mandat am Zentrum kritt. De Justin Turpel war op 3.700 Stëmme komm, ma och hien ass dës Kéier net méi mat dobäi.

Dann hu mer nach d'ADR, déi hat mam Roy Reding ee Kandidat am Zentrum an d'Chamber kritt.

Wat bei der Alternativer demokratescher Reformpartei opfält, ass, datt se dës Kéier mat enger ganz anerer Lëscht an d'Course ginn, wéi 2013.

Wann een déi zwou Lëschte vergläicht, sinn et nieft dem Roy Reding nach d'Marceline Goergen an d'Beatrice Clement, déi nach eng Kéier matgaange sinn.

Bleift dann ofzewaarden, ob d'Piraten am Zentrum fir eng Iwwerraschung suergen oder souguer d'Lëscht Demokratie vum Sonja Holper.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.