OSTENCSV verléiert 7,5 Prozentpunkten, Status quo awer bei de Sëtz

Gewielt sinn Hetto, Modert a Gloden fir CSV, Delles a Baum fir DP, Dieschbourg fir Gréng a Schmit fir LSAP.

Osten: Status quo bei de Sëtz (14.10.2018)
Gewielt sinn Hetto, Modert a Gloden fir CSV, Delles a Baum fir DP, Dieschbourg fir Gréng a Schmit fir LSAP.
De Resumé vun de Resultater am Osten / Reportage Eric Ewald


Am Osten dann, dem klengste vun de 4 Walbezierker vum Land, gouf et, wat d'Sëtz ugeet, kee Changement par rapport zu 2013: D'CSV behält deemno hir 3, d'DP hir zwee an déi Gréng an d'LSAP all Kéiers een.



Esou gouf am Oste gewielt.

Gewielt sinn, der Rei no, d'Françoise Hetto-Gaasch (CSV), de Lex Delles (DP), d'Octavie Modert an de Léon Gloden (alle béid CSV), d'Carole Dieschbourg (déi Gring), de Gilles Baum (DP) an den Nicolas Schmit (LSAP).

D'Gewënner vun de Walen am Oste sinn d'Piraten (déi 4,3 Prozentpunkte bäileeë konnten, fir op ronn 7% ze kommen, wat awer net fir e Mandat duergoung), déi Gréng (mat engem Plus vun 3,4 Punkten op 16,5%), d'DP (plus zwee Punkten op 20,7%), d'ADR (si kritt 0,9 Punkte weider an domat 9,6%) an déi Lénk (mat engem Plus vun 0,25 Punkten op 3,3%). D'Verléierer am Oste sinn d'CSV (si krut 7,5 Punkte manner, fir mat 29,4% nawell déi stäerkst Partei am Osten ze bleiwen), d'LSAP (minus 1,7 Punkten op 12,9%) an d'KPL (mat engem Minus vun 0,1 Punkt op 0,7%).

Kuckt een déi gewielten Deputéiert, dann huet d'Françoise Hetto-Gaasch am Verglach mat 2013 ronn 15% u Stëmme verluer, de Lex Delles seng quasi verduebele kënnen, hunn och d'Octavie Modert an de Léon Gloden (mat engem Minus vun 11, respektiv 9%) Plomme gelooss, huet och d'Carole Dieschbourg bal duebel souvill Stëmme kritt wéi viru 5 Joer, huet de Gilles Baum bal 40% zouleeë kënnen an den Nicolas Schmit ronn 9%. Dogéint hunn d'Deputéiert Henri Kox (déi Gréng) an Tess Burton (LSAP) de Sprong an d'Chamber verpasst.

D'Carole Dieschbourg ass frou iwwer de positiven Trend



Ënnert anerem huet am Resumé den Daniel Frères vun de Piraten der ADR souvill Stëmmen ewechgeholl, dass déi et net nees an d'Chamber gepackt huet, a konnt d'DP hir zwee Mandater halen, obwuel déi 2013 Éischtgewielte Maggy Nagel net méi matgoung. D'CSV blouf am Osten an der ganz grousser Majoritéit vun de Gemengen déi stäerkst Partei, wann och mat deels grousse Verloschter, wéi zu Iechternach an zu Schengen mat engem Minus vun all Kéiers 10,7 oder zu Beefort mat souguer engem Minus vun 11,6 Prozentpunkten. Just zu Munneref hat d'DP d'Nues vir an zu Mäertert d'LSAP.


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.