NORDEND'LSAP verléiert 1 Sëtz un d'ADR

Gewielt sinn Hansen, Schank, Eicher a Kaes fir d'CSV, Etgen a Bauler fir d'DP, Schneider fir d'LSAP, Turmes fir déi Gréng an Engelen fir d'ADR.

Norden: D'LSAP verléiert 1 Sëtz un d'ADR (14.10.2018)
Gewielt sinn Hansen, Schank, Eicher a Kaes fir d'CSV, Etgen a Bauler fir d'DP, Schneider fir d'LSAP, Turmes fir déi Gréng an Engelen fir d'ADR.
De Resumé vun de Resultater am Norden / Rep. Nadine Gautier



De Norde war um 20.40 Auer als zweete Bezierk komplett ausgezielt. Déi lescht Gemeng Dikrech hat dunn hir Resultater eraginn. An déi hunn d'Héichrechnunge confirméiert.



Esou gouf am Norde gewielt.

Am Bezierk Norden ass vun de Chamberwalen eppes zeréck ze behalen.: D’CSV ass a bleift stäerkste Fraktioun an deem Walbezierk. Och wann d’Partei a verschiddene Gemengen ofhëlt, bleift si weiderhi stäerkste Kraaft. Just an zwou konnten déi Chrëschtlech-Sozial net iwwerzeegen.

Wolz an Dikrech bleiwen nämlech an den Hänn vun de Sozialisten. Zu Wolz mat engem Romain Schneider, deen déi meeschte Stëmme krut, virun enger Martine Hansen vun der CSV. D’CSV-Deputéiert huet, wann een iwwert de ganzen Norde kuckt, déi meeschte Stëmme kritt. Suivéiert vun hirem Parteikolleg Marco Schank. Wéi gesot ass dat zu Wolz net de Fall. Eng zweet Gemeng ass Dikrech, mee do kann den LSAP-Buergermeeschter Claude Haagen, net méi mat an d’Chamber goen, well säi Sëtz un d’ADR goung, nodeems déi 2013 hire verluer hat.

Wa mir da scho bei der Sëtzverdeelung sinn. 4 Sëtz ginn un d’CSV. Déi si fir d’Martine Hansen, de Marco Schank, den Emile Eicher, an den Aly Kaes. De Romain Schneider vun der LSAP kënnt och an d’Chamber. Fir déi Gréng ass et de Claude Turmes, deen op de Krautmaart kënnt. DP dann huet jo zwee Sëtz, déi ginn un de Fernand Etgen an un den André Bauler. A fir d’ADR kënnt fir de Norden de Jeff Engelen, de Wëntger Gemengeconseiller, an d’Chamber.

Am Walbezierk Norden huet d’CSV Aboussen vun 1,46 Prozentpunkte gemaach, kënnt awer op 32,23 Prozent. D’DP verléiert 6,58 Prozentpunkten, esouvill wéi keng aner Partei, a kënnt just nach op 17,13 Prozent. D’Sozialiste kommen op 15,87 Prozent. Déi Gréng kéimen op bal 13 Prozent, d’ADR op 9,79 Prozent, d’Piraten op 7,67 Prozent an déi Lénk op 3,53 Prozent.

Wa mir nees an d’Gemenge kuerz kucke ginn. Ee Constat, deen een am Norde maache konnt: DP léisst richteg d’Plommen hänken, och wa sech dat net onbedéngt an der Sëtzverdeelung zeréck gespigelt huet. A ville Gemenge verléieren déi Liberal enorm vill. Zum Beispill zu Schieren, wou d’DP iwwer 10 Prozentpunkte verléiert. De Charel Goerens ass bei der DP jo net méi matgaangen. Déi Liberal packen et dofir an där Gemeng net méi op déi éischte Plaz.




Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.