ZENTRUMCSV, LSAP an och DP verléiere jee 1 Sëtz, Gréng gewannen der 2, Piraten 1

An enger 1. Héichrechnung hat et nach ausgesinn, wéi wann d'DP hir Sëtz kéint halen, ma dunn huet si awer 1 verluer, esou datt déi Gréng der 2 gewannen.

Zentrum: CSV, LSAP an och DP -1 Sëtz, Gréng +2 a Piraten 1 (14.10.2018)
An enger 1. Héichrechnung hat et nach ausgesinn, wéi wann d'DP hir Sëtz kéint halen, ma dunn huet si awer 1 verluer, esou datt déi Gréng der 2 gewannen.
De Resumé vun de Resultater am Zentrum / Rep. Dany Rasqué



Am Zentrum ware knapp 73.000 Wieler ageschriwwen an déi hu mat hirer Stëmm esou Munches beweegt. D'Pirate kommen an d'Chamber, déi Gréng gi massiv gestäerkt an d'DP, d'LSAP an d'CSV loosse Plommen.



Esou gouf am Zentrum gewielt.

D'CSV verléiert am Zentrum e Sëtz a bleift mat 7 awer stäerkste Partei, da kënnt d'DP mat 5 Sëtz, och dat ass ee manner am Verglach mat 2013 an op drëtter Plaz "déi Gréng" mat 4 Sëtz, duebel sou vill wéi bei de leschte Walen, d'Sozialiste verléieren een, behalen der nach 2, kee Changement bei der ADR an déi Lénk. D'Piraten dogéint kréien ee Sëtz am Zentrum.



Dee Politiker, deen am meeschten am Zentrum gewielt gouf ass de Xavier Bettel, deen 30.774 Stëmme krut. De Claude Wiseler ass zweetgewielten, mat 3.000 Stëmme manner. Dann op drëtter Plaz kënnt de Serge Wilmes vun der CSV an op véierter Plaz ass dann deen éischte Gréngen, nämlech de François Bausch. No deene 4 Männer ass et dann un de Fraen. Op Plaz 5 ass d'Corinne Cahen. Si kënnt op 19.471 Stëmmen an huet domadder eng 500 Stëmme méi wéi d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer, déi op der 6. Plaz ass. Da kommen zwou Damme vun der CSV. Fir d'éischt Diane Adehm an dann bësse iwwerraschend d'Viviane Reding déi just op déi 8. Plaz kënnt, mat 17.922 Stëmmen, dat sinn der bal 10.000 manner wéi de Claude Wiseler. Op Plaz 9 de Marc Lies vun der CSV, dann d'Sam Tanson vun déi Gréng. Dat wier dann Top Ten aus dem Zentrum, wann ee sou wëll.

An där Top Ten, et ass Iech vläicht opgefall, do ass kee Sozialist dobäi. Deen éischten ass op der Plaz 13, hannert dem Laurent Mosar an dem Paul Galles vun der CSV an dat ass de Spëtzekandidat Etienne Schneider, dee knapp 17.000 Stëmme krut. Deen zweete Sozialist, deen am Zentrum gewielt gouf, dat ass de Marc Angel op der Plaz 16. Méi wäit hannen och d'Simone Beissel an de Guy Arendt vun der DP. Si fënnt een op de Plaze 14 a 15. Fir déi Gréng sinn dann nach de François Benoy an de Charel Margue gewielt, dann den David Wagner fir déi Lénk, de Sven Clement fir d'Piraten an de Roy Reding fir d'ADR.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.