SÜDENLSAP an CSV -1, Gréng a Piraten +1

D'CSV verléiert am Süden iwwer 5 Prozentpunkten, d'LSAP bal 3. Am Géigenzuch klammen déi Gréng ëm bal 5 an d'Piraten ëm bal 4 Prozentpunkten.

Süden: LSAP an CSV -1, Gréng a Pirate +1 (14.10.2018)
D'CSV verléiert am Süden iwwer 5 Prozentpunkten, d'LSAP bal 3. Am Géigenzuch klammen déi Gréng ëm bal 5 an d'Piraten ëm bal 4 Prozentpunkten.
De Resumé vun de Resultater a Süden / Rep. Pit Everling



Bei der CSV konnt de Juncker-Verloscht definitiv net opgefaange ginn. De Parteipresident krut als Éischtgewielte vu senger Partei just 400
Stëmme méi ewéi déi leschte Kéier, wou hien Zweete war, mat hallef sou vill Stëmmen, wéi deemools de Jean-Claude Juncker.


Esou huet de Süde gewielt.

Um Enn kënnt een op knapp 27% a behält 7 Sëtz. D'CSV verléiert méi ewéi 5 Punkten. Besonnesch zeréck goung et zum Beispill an der Gemeng Beetebuerg, do falen déi Chrëschtlech-Sozial 8 Punkten. De Buergermeeschter vun do a Partei-Generalsekretär, Laurent Zeimet, packt et dann och net méi op de Krautmaart. Nei derbäi fir d'CSV ass awer den Escher Buergermeeschter Georges Mischo, dee sech hannert dem Marc Spautz an dem Felix Eischen den Drëtten op der CSV-Südlëscht gëtt.

D'LSAP verléiert knapp 3% an ee Sëtz, et bleiwen der nach 6. Besonnesch wéi huet et zum Beispill zu Rëmeleng gedoen, wou 6 Punkte fort sinn. Éischtgewielten iwwerhaapt am Süde war e Sonndeg den Ausseminister Jean Asselborn. Dee krut 40.000 Stëmmen a konnt sech par Rapport zu 2013 nach e bësse verbesseren. Nei an der Chamber wier den Diddelenger Buergermeeschter Dan Biancalana. Net gewielt gouf d'Gesondheetsministesch Lydia Mutsch. Och de Generalsekretär Yves Cruchten, d'Deputéiert Taina Bofferding, Simone Asselborn-Bintz a Claudia Dall'Agnol hunn et net gepackt.

D'DP verléiert e knappe Punkt a kënnt op 11,8 % am Süden. Wat d'Käpp ugeet ass interessant, ze soen, datt de Finanzminister Pierre Gramegna, deen déi éischte Kéier op enger Lëscht stoung, et laanscht den Educatiounsminister Claude Meisch gepackt huet. De Max Hahn kënnt als Drëtten an d'Chamber eran. De Fraktiounschef Eugène Berger an de Gusty Graas sinn net méi dobäi.

Walgewënner sinn och am Süden „Déi Gréng“. Plus bal 5 Punkten, bal 15% an e Sëtz méi, also elo 3 Sëtz. Besonnesch gutt ass et zu Déifferdeng gelaf, do gouf et e Plus vu 9 Punkten. Déi Gewielten heesche Braz, Traversini a Lorsché, woubäi den Déifferdenger Buergermeeschter d'Schäffin vu Beetebuerg iwwerholl huet.

D'ADR leet gutt annerhallwe Punkt zou a kënnt op 8,28%. Gewielt sinn hei de Gast Gibéryen an de Fernand Kartheiser. De Fred Keup vum Wee 2050 krut kee Sëtz um Krautmaart.

Déi grouss Iwwerraschung kënnt da sécherlech vun de Piraten. Si kréie méi ewéi duebel souvill Stëmmen ewéi 2013 an e Sëtz, dee fir de Marc Goergen ass.

De Marc Baum packt et fir Déi Lénk an d'Chamber. Si kréie 5,96% a wanne minimal.

D'KPL verléiert liicht. Déi Konservativ an Demokratie bleiwen ënnert dem Prozent.





Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.