No de WalenD'Procureur Général Martine Solovieff gouf Informateur genannt

D’Parteipresidente waren e Méindeg bis 16 Auer een nom anere fir d’Consultatioune bei de Grand-Duc gaang, fir hir Analys vun der Situatioun ze maachen.

E Méindeg um 9 Auer war de Xavier Bettel beim Grand-Duc Henri, wou hie seng Demissioun als Premier ginn a seng Analys vun der Situatioun gemaach huet. De Grand-Duc hat um Méindeg de Moien nach de Chamberpresident Mars Di Bartolomeo gesinn an de Georges Wivenes, President vum Staatsrot.

Gespréicher mam Grand-Duc (15.10.2018)
D’Parteipresidente waren e Méindeg bis 16 Auer een nom anere fir d’Consultatioune bei de Grand-Duc, fir hir Analys vun der Situatioun ze maachen.


Accord vum Comité Directeur / Reportage Joëlle Detaille



E Méindeg den Owend um 17.30 Auer goung de Xavier Bettel nach emol bei de Grand-Duc. Eng hallef Stonn drop war dann de Comité directeur vun der DP zesummen.

D'Martine Solovieff gouf als Informateur vum Grand-Duc genannt, sou d'Schreiwes vum Haff um 18 Auer. Si soll dem Staatschef Rapport maachen iwwer d'Positioune vun de Parteien, fir eng Regierungskoalitioun ze bilden.

Accord vum Comité Directeur vun der DP zu Hesper um 19 Auer: D'Corinne Cahen an de Xavier Bettel solle mat der Informateur schwätzen. De Xavier Bettel hofft, datt hie bis e Mëttwoch Formateur genannt gëtt, dat wéint de Brexit-Verhandlungen.

Accord vum Comité Directeur vun der DP zu Hesper um 19 Auer (15.10.2018)
D'Corinne Cahen an de Xavier Bettel solle mat der Informateur schwätzen

Nom Go vun deene Gréngen, an och der Zoustëmmung vun der LSAP, ass sech och d’DP eens, dass ee Gespréicher soll ufänken, fir eng Editioun vu Gambia 2.0. D'Koalitiounsgespréicher kéinten deemno scho ganz geschwënn ulafen, wou ee gespaant ka sinn, wéi eng Partei hir rout Linnen aus de Walprogrammer am Beschten och zeréckbehale kann.


Hei dat offiziellt Schreiwes:
A l’issue des audiences de ce jour avec Monsieur le Premier Ministre, les présidents de la Chambre des Députés et du Conseil d’Etat ainsi que les présidents des partis politiques, S.A.R. le Grand-Duc a nommé Madame Martine Solovieff, procureur général d’Etat, informateur dans le cadre de la formation du nouveau gouvernement.

L’informateur fera rapport au Grand-Duc sur les positions des forces politiques en vue de la constitution d’une coalition gouvernementale.

Den Dag 1 no de Walen
No sengem éischte Passage am Palais, war et fir de Premier um Méindeg de Moien zréck an de Staatsministère gaangen, fir de leschte Regierungsrot vun dëser Legislatur. Dee war mat ronn enger hallwer Stonn erwaardungsgeméiss séier eriwwer. De Fokus vun de Regierungsmemberen an hire Parteie läit um Méindeg op engem anere Gebai, honnert Meter Loftlinn ewech.

An tëscht Palais a Staatsministère hunn um Méindeg de Moien eng Partie Journalisten d'Politiker empfaangen, respektiv begleet. Carole Dieschbourg, Claude Turmes a François Bausch hunn nach ëmmer bis iwwer béid Ouere gestraalt, wéi se fir de Conseil eragaange sinn.

De Regierungsrot am Staatsministère no de Walen (15.10.2018)
Natierlech war hei och d'Walresultat vun e Sonndeg a Sujet.


De Message vum de Gréngen ass zanter e Sonndeg den Owend fir déi aner Regierungspartner glaskloer. Si gesinn hir Plaz als ee vun de Walgewënner an den nächste 5 Joer weider an der Regierung mä mussen elo natierlech, wéi all déi aner, déi institutionell Prozeduren ofwaarden.

"D'Institutioune muss ee respektéieren. Mir kënne mat all Variant liewen, mä Fait ass, datt de Wëlle bei deenen dräi besteet, fir weiderzefueren.", esou de François Bausch.

Dat confirméiert och de Premier: "31 ass eng knapp Majoritéit. Mä d'Regierungsekipp ass confirméiert an net bestrooft ginn an huet e Mandat vum Wieler kritt, fir virunzefueren".

Extrait Xavier Bettel


De Xavier Bettel geet no sengem éischte Passage beim Grand-Duc dovunner aus, datt de Staatschef an enger éischter Phas en Informateur nennt. Et misst een nämlech fir d'éischt Consultatioune vun de Parteigremien ofwaarden.

"Wann de Grand-Duc mech haut scho Formateur nennt, kënne mer an eng Situatioun kommen, wou mer nach net wëssen, wat d'Parteigremien decidéieren. Wann ech d'Mandat als Formateur kréien, loossen ech mech net ënner Drock setzen. Ech loossen mech net ënner Drock setze beim Koalitiounsaccord. Do musse wierklech all Punkte gekläert ginn, fir dës Land an den nächste 5 Joer weiderzeregéieren".

Reng inhaltlech goung et um Méindeg de Moien ëm de Semestre européen, also déi laangfristeg Budget- a Wirtschaftsprevisioune vum Land.

Blo-Rout-Gréng huet och, dat wollt een express net nach sou kuerz virun de Chamberwalen e Freideg maachen, déi automatesch Upassung vum Mindestloun, Revis an de Pensiounen un d'Gehälterentwécklung am Conseil ugeholl. De Mindestloun, dat war dach eng vun de roude Linnen vun der LSAP fir eng nächst Regierungsparticipatioun. Dee misst op den 1. Januar ëm 100 Euro an d'Luucht goen. Hutt een do schonn den Terrain mat den zwee anere Regierungspartner preparéiert?

"Mir konnten nach näischt programmatesch diskutéieren. Et war awer e Sonndeg den Owend e bëssche spéit. Mä ech hat dräi rout Linnen, fir an d'Walen ze goen an déi rout Linne sinn zanter e Sonndeg den Owend net verschwonnen.", esou den Etienne Schneider.

De grénge François Bausch wollt sech um Méindeg de Moien net op spezifesch Punkten fokaliséieren. Et misst um Enn e Gesamtprojet fir Lëtzebuerg erauskommen.


Gambia 2.0?

D’Partei-Féierunge vun DP, LSAP an déi Gréng decidéieren, ob et eng zweet Blo-Rout-Gréng-Regierung gëtt oder net. Alle politeschen Aussoen no deit sech dat un, mä et sinn d’Parteiféierungen, déi dat am Laf vum Dag, respektiv an den nächsten Deeg decidéieren.

Fir déi Gréng – grousse Gewënner vun de Walen e Sonndeg - läit eng zweet Blo-Rout-Gréng-Regierung op der Hand, nodeems déi Gréng mat 3 zousätzleche Sëtzer op 9 kommen an domadder d’Verloschter vun de Partner kompenséieren. D’DP – déi just ee Sëtz verluer huet, kéint an dëser Konstellatioun de Staatsministère behalen a fir si schéngt d’Weiderféierung den éischte Choix ze sinn. Bei der LSAP, déi 3 Sëtzer verluer huet a mat 10 Sëtz elo um niddregste Stand zanter dem zweete Weltkrich ass - ass et dogéint bësse mi komplizéiert. Hire President de Claude Haagen sot um Méindeg de Moien hei op RTL, hie geséich net, wéi seng Partei sech aus der Oppositioun eraus soll kënnen erneieren. Ob d’ganz Partei d’Accord ass, fir trotz grousse Verloschter nach ka weider regéieren, ass net gewosst.

Den LSAP-Spëtzekandidat a Vizepremier Etienne Schneider sot um Méindeg de Moien nach hie geséich net an, firwat eng CSV-DP-Koalitioun -  eng Koalitioun vu Verléierer - Gambia soll ofwiesselen.

Bettel no Gespréicher am Staatsministère (14.10.2018)
No der Elefanteronn hunn d'Spëtzekandidate vun DP, Déi Gréng an der LSAP e Patt am RTL-Walzelt gedronk a sinn duerno zesummen an de Staatsministère gefuer.


No der Elefanteronn um spéide Sonndeg den Owend op RTL Télé Lëtzebuerg haten d'Spëtzekandidate vun DP, Déi Gréng an der LSAP e Patt am RTL-Walzelt gedronk a sinn duerno zesummen an de Staatsministère gefuer.

Derbäi ware bis um 1.30 Auer de Xavier Bettel an d'Corinne Cahen vun der Demokratescher Partei, de Félix Braz an de François Bausch vun Déi Gréng an den Etienne Schneider, de Mars Di Bartolomeo, den Alex Bodry an de Claude Haagen vun der LSAP.

Et goung drëms, een Debriefing vun der Regierungsaarbecht ze maachen, sou de Xavier Bettel no der Entrevue géintiwwer RTL. Et huet ee fir d'éischt d'Walanalys vun de Regierungsparteien gemaach an et huet ee festgestallt, datt d'Koalitioun net ofgewielt gouf. "Et wier um Grand-Duc ze decidéieren, wéi et weidergeet, mä mir hunn eng Confirmatioun fir déi lescht 5 Joer krut", sou de Xavier Bettel.



Eng Saach vun Timing
D'Nimm vun de 60 Deputéierten sinn zanter e Sonndeg den Owend gewosst, mä wéi geet et elo am Timing weider?

D'Koalitiounspartner musse sech nach fannen - dëst decidéiert sech déi nächst Deeg, wa bis e Formateur vum Grand-Duc genannt gouf. Da kënnt d'nei gewielt Chamber eng éischte Kéier déi iwwernächst Woch beieneen - dëst um Dënschdeg 30. Oktober, matten an der Allerhellegevakanz also.

Dës Sëtzung gëtt vum Doyen vun den Deputéierten, dem Gast Gibéryen, an den zwee jéngsten Volleksvertrieder, dem Sven Clement vun de Piraten an dem François Benoy vun déi Gréng, geleet.

Dëst ass de provisoresche Chamberbüro - duerno ginn d'Pouvoire vun de gewielten Deputéierten iwwerpréift. Wann dat bis geschitt ass, ginn d'Deputéiert pro Bezierk vereedegt - dat gëllt natierlech net fir d'Regierungsmemberen.

Alles an allem sinn et 9 nei Gesiichter, déi um Krautmaart wäerte sëtzen - dat op mannst éier nach Deputéiert noréckelen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.