Gambia 2.0Blo-Rout-Gréng eestëmmeg fir Gespréicher, Neiufank bei CSV?

D'Partei-Leedunge vun DP, LSAP an déi Gréng hu sech fir eng zweet Regierungskoalitioun ausgeschwat.

Gremie gi gréng Luucht fir 3er Koalitioun (15.10.2018)
D'Blo-Rout-Gréng kënnt also op 31 Sëtz a bleift domadder regierungsfäeg, oder wéi déi 3 soen, se ass confirméiert.
Och d'CSV schéngt sech domadder offonnt ze hunn.

Fir déi Gréng – de grousse Gewënner vun de Walen – ass eng zweet Blo-Rout-Gréng-Regierung logesch, nodeems déi Gréng mat 3 zousätzleche Sëtzer op 9 kommen an domadder d'Verloschter vun de Partner quasi kompenséieren.

Christian Kmiotek (Gréng) iwwer Koalitiounsverhandlungen



RTL-News: VIDEO-Reportage - "Laanscht Gréng kënnt keen!"

D'DP, déi just ee Sëtz verluer huet, kéint an dëser Konstellatioun de Staatsministère behalen a fir si schéngt d'Weiderféieren den éischte Choix ze sinn.

Bei der LSAP, déi 3 Sëtzer verluer huet a mat 10 Sëtz elo um niddregste Stand zanter dem Zweete Weltkrich ass, besteet net op de Poste vum Premier. Fir de Rescht ass ee prett, fir Gespréicher iwwert d'Suite vun der 3er-Koalitioun.

Etienne Schneider (LSAP) iwwer Koalitiounsverhandlungen



RTL-News: Nom schlechte Resultat - Wéi geet et viru bei de Sozialisten?

Aussoe vun de Spëtzepolitiker no de Walen (15.10.2018)
D'Partei-Leedunge vun DP, LSAP an déi Gréng decidéieren, ob et eng 2. Gambia-Regierung gëtt oder net. De politeschen Aussoen no geet et an déi Richtung.


D'Martine Solovieff gouf als Informateur vum Grand-Duc genannt, sou d'Schreiwes vum Haff um 18 Auer. Si soll dem Staatschef Rapport maachen iwwer d'Positioune vun de Parteien, fir eng Regierungskoalitioun ze bilden.

Accord vum Comité Directeur vun der DP zu Hesper um 19 Auer: D'Corinne Cahen an de Xavier Bettel solle mat der Informateur schwätzen. De Xavier Bettel hofft, datt hie bis e Mëttwoch Formateur genannt gëtt, dat wéint de Brexit-Verhandlungen.

Wéi no si sech DP, LSAP an déi Gréng? (15.10.2018)
Déi dräi Parteien hate keng gemeinsam Wal-Campagne gemaach. A Blo, Rout, Gréng hate jidderee fir sech och rout Linne fixéiert.

Um Mëttwoch reest de Xavier Bettel op Bréissel op e Sommet vun de Staats- a Regierungscheffen, op deem et ënnert anerem ëm de Brexit geet. Do wier et gutt ze wëssen, mat wéi enger Positioun hie Lëtzebuerg do vertriede kann, sou de Premier faisant-fonction.

De Xavier Bettel no de Walen um Méindeg



Antëscht gi sech bei der CSV d'Wonne geleckt. Et ginn ëmmer méi Stëmmen, déi "tabula rasa" fuerderen. E Méindeg an der Mëttesstonn war den Nationalcomité beieneen. En Dënschdeg den Owend ass den Nationalrot zesummen.

RTL-NEWS: Wéi geet et weider? CSV fillt sech net fir Gespréicher erwënscht

Fir den CSV-Europadeputéierte Frank Engel mussen all d'Posten nei besat ginn, fir eng Erneierung vun der Partei. Ënnert anerem d'Nord-Deputéiert Martine Hansen an den Zentrum-Deputéierte Serge Wilmes stinn an de Startbléck.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.