AM REPLAYRTL-Walsendung-Spezial op der Tëlee

E Méindeg den Owend stoungen op der Tëlee d'Walen nach eng Kéier am Mëttelpunkt.

© RTL-Grafik

En Owend voller Emotiounen: Grouss Gewënner a Verléierer goufen et e Sonndeg an der RTL-Walsendung. An och um Méindeg stoungde Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg ganz am Zeeche vun de Walen.

Invitéë waren d'Sam Tanson (déi Gréng), de Serge Wilmes (CSV) an de Franz Fayot (LSAP)

De Serge Wilmes vun der CSV schwätzt vun engem anere Kontext wéi nach am Joer 2013, hei wier de Schock vill méi grouss gewiescht. Ma trotzdeem schwätzt de jonken CSV-Politiker vun engem haarde Schock, d'Partei wollt d'Wale ganz kloer gewannen. Den Zuch wier awer elo fort, de Gang an d'Oppositioun géif kommen, esou de Serge Wilmes weider.

Walen Spezial Deel 1 (15.10.2018)
E Méindeg den Owend stoungen op der Tëlee d'Walen nach eng Kéier am Mëttelpunkt.


Eng Erneierung vun der CSV wier an der Oppositioun net ganz gemaach ginn, obwuel d'Gemengewale schonn eng gutt Basis ginn hätten. D'Erneierung misst an de nächste 5 Joer verstäerkt gemaach ginn, eng Autokritik muss awer gemaach ginn.

D'Sam Tanson schwätzt vun enger impressionnanter Stäerkung vun hirer Partei, e groussen Zousproch mat deem een elo verantwortlech domadder ëmgoe wëll. Iwwert d'Posten an der Regierung wollt d'Sam Tanson sech awer nach net äusseren. Riets goung och ëm den Undeel vun de Fraen an de Parteien, deen an ale Parteien ofgeholl huet.

Allerdéngs géif een op alle Fall bei deene Grénge gesinn, dass eng Partie Frae géifen eventuell noréckelen. Et wier e Prozess deen nach bräicht, och wann ee géif gesinn, dass awer och déi jonk Kandidaten net sou schlecht bei de Wieler ukommen.

Walen Spezial Deel 2 (15.10.2018)
E Méindeg den Owend stoungen op der Tëlee d'Walen nach eng Kéier am Mëttelpunkt.

De Franz Fayot gëtt zou, dass et kee gutt Resultat fir d'LSAP gouf, ma d'Koalitioun gouf confirméiert an huet eng Majoritéit. De Choix fir eng Koalitioun ze maachen, géif dem Land gutt doen. Et wier elo wichteg, dass d'LSAP an der Regierung en Impakt hannerléisst, et misst elo e gudden Job vun de Sozialisten an der Gambia II-Oplag gemaach ginn.

Ganz kloer misst och eng personell Erneierung an der Partei kommen. Et géife vill jonk Politiker an der Partei ginn, sou dass et och Méiglechkeete ginn, fir sech ze erneieren.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.