Wéi geet et weider?CSV fillt sech fir Gespréicher net erwënscht
Um Méindeg war bei der CSV den Nationalcomité beieneen, en Dënschdeg ass et dann um Nationalrot, an da wäert feststoen, wéi et weider geet.
Vum Dany Rasqué (Radio), Jeannot Ries (Télé), L.K. (RTL.lu)
CSV fillt sech net fir Gespréicher erwënscht (15.10.2018)
Um Méindeg war bei der CSV den Nationalcomité beieneen, en Dënschdeg ass et dann um Nationalrot, an da wäert feststoen, wéi et weider geet.Wichteg wier et awer elo, no vir ze kucken an do deet sech dann och Parteiintern eppes. Sämtlech Gremien wäerten an den nächste Wochen erneiert ginn an do wäert dann och nach eng Kéier den Inhalt vun der Walcampagne op de leescht geholl ginn, esou de Frank Engel.
Extrait Frank Engel |
All d'Poste sinn nei ze besetzen, betount nach de Frank Engel präziséiert awer, datt dat éischter eppes mat de Statutten, wéi mam Walresultat ze dinn huet an dat confirméiert och de Parteipresident Marc Spautz. Hie kéint säi Mandat theoretesch nach verlängeren.
Extrait Marc Spautz |
Ob de Marc Spautz dat Mandat dann och verlängere wëll, dat wollt hien um Méindeg nach net soen. Hie vertréischt d'Press an d'Ëffentlechkeet bis en Dënschdeg den Owend, da kënnt nämlech den CSV-Nationalrot zesummen, deen héchste Gremium an der Partei.
Eng ähnlech Äntwert koum och vum Fraktiounschef Claude Wiseler, wéi hien no senger Zukunft gefrot gouf. Och hie wëllt eréischt en Dënschdeg den Owend méi zu senger Zukunft an der Partei soen.
Extrait Claude Wiseler (1) |
Och iwwert d'Motivatioun fir virun ze fueren, wollt de Claude Wiseler um Méindeg näischt soen.
Extrait Claude Wiseler (2) |
Bësse méi gespréicheg war dogéint d'Martine Hansen, déi am Norden jo déi meescht Stëmme krut. Op d'Nofro vun de Journalisten hin, huet d'Martine Hansen dann nach präziséiert, datt si bis elo nach ëmmer an hirem Liewen bereet war, fir Verantwortung z'iwwerhuelen an dat géif och esou bleiwen.
Extrait Martine Hansen |
Och de Serge Wilmes huet fir eng Erneierung plaidéiert. Op RTL Tëlee huet den CSV-Politiker e Méindeg den Owend betount, dass et ouni Zweiwel een haarde Moment fir d'Partei ass. Den Zuch wier awer elo fort an de Gang an d'Oppositioun net ze evitéieren, esou de Serge Wilmes weider.
Esou däerf ee gespaant sinn, wat d'CSV en Dënschdeg nom Nationalrot annoncéiert.
Är Commentairen - Netikett
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.