Reflexiounen nom WalsonndegWéi gerecht ass eise Wal-System zu Lëtzebuerg?

Alternativ-Modeller huet de Fernand Fehlen an enger Rei Reflexiounspabeiere verdéift. Dobäi kéim d'CSV nach méi schlecht ewech (-4) an d'Pirate besser.

Reflexiounen nom Walsonndeg (15.10.2018)
Wéi gerecht ass eise Wal-System zu Lëtzebuerg? Alternativ-Modeller huet de Fernand Fehlen an enger Réi Reflexiounspabeiere verdéift.

„No de Walen gëtt ëmmer iwwert de Walsystem diskutéiert an 3 Méint dono schwätzt kee méi driwwer“... dat hunn e Méindeg de Moien d'Politiker op dëser Antenn gemengt. Déi méi kleng Parteien, virop déi Gréng, wëllen awer de Walsystem iwwerschaffen.

D'Sëtzverdeelung am Lëtzebuerger System ass ongerecht a bevirdeelegt ze vill déi grouss Parteien. D'Diskussioun ass net nei, och net fir de Soziolog Fernand Fehlen, deen elo eng konkret Propos gemaach huet, wéi een de System kéint änneren – an déi 4 Bezierker kéint bäibehalen. Dat geet ouni, datt een d'Verfassung ännert.

Seng Iwwerleeungen a Berechnunge fënnt een an engem neien Artikel op forum.lu. An engem Interview fir RTL Télé Lëtzebuerg sot de Soziolog, datt eise System déi grouss Parteien 4 mol avantagéiert, an de 4 Bezierker. Et géif och méi e gerechte System gi fir d'Reschtsëtz ze verdeelen. Als Basis déngt e Schwäizer Modell, deen dann och – wann deen applizéiert gi wär – bei dëse Walen hei am Land aner Resultater bruecht hätt.

D'CSV hätt 4 Sëtz manner, d'DP hätt 1 manner. D'Piraten hätten 2 Sëtz méi, géifen also op 4 Deputéiert kommen. D'ADR hätt ee Sëtz méi, déi Lénk 1 Sëtz méi an och d'KPL géif e Sëtz kréien, no där Schwäizer Berechnungemethod. Gréng an LSAP hätten no deem Modell dat selwecht Resultat behalen.

© Fernand Fehlen / forum.lu

Wann een eng 5%-Hürd géif maachen, géif et fir d'KPL awer kee Sëtz ginn.

Iwwerleeungen a Berechnunge vum Fernand Fehlen op forum.lu

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.