VIDEO A FOTOEN - CSV-NationalrotParteispëtzt bleift en place, bis Regierung steet!

Spautz, Wiseler an Zeimet goufen en Dënschdeg den Owend plebiscitéiert fir weiderzemaachen.

D'Parteispëtzt vun der CSV - de Parteipresident, de Fraktiounschef an de Generalsekretär an de Persoune vum Marc Spautz, dem Claude Wiseler an dem Laurent Zeimet - sinn en Dënschdeg den Owend, wéi de Claude Wiseler kuerz virun 20 Auer op enger kuerzer Pressekonferenz erkläert huet, plebiscitéiert ginn weiderzemaachen. Dat heescht, datt si vun enger Majoritéit vum Nationalrot gedroe ginn, fir weiderzeschaffen, bis eng Regierung steet.

Un der Personalfro gouf dohier en Dënschdeg den Owend net gefréckelt. Et wier den unanimme Wonsch vum Nationalrot gewiescht, net iwwer Persounen ze diskutéieren.

De Claude Wiseler iwwert d'Personalännerunge bei der CSV



De Claude Wiseler huet d'Responsabilitéit fir d'Defaite vum Walkampf op sech geholl.

No der Pressekonferenz waren eng ganz Partie Leit schonn fort, ma déi di een nach begéint huet waren net wierklech gespréicheg. "Den Här Wiseler huet alles gesot" war e Sätz dee méi wéi eng Kéier ze héier war, vun zum Beispill dem Octavie Modert, dem Ali Kaes oder och nach dem Viviane Reding.

Nach goufen et keng Diskussiounen fir eng Regierungsbildung mat der CSV, d'Parteispëtzt vun de chrëschtlech Sozialen bleift à ce stade also onverännert. Den Erneierungsprozess vun der Partei ass da wuel fir méi spéit.

Prett fir Gespréicher, prett fir Regierung

D'CSV wier och gestäerkt ginn, fir an den nächste Wochen d’Positioun vun der CSV ze verdeedegen, well d’CSV déi meeschte Stëmme krut, well si bereet wier, Regierungsverantwortung z’iwwerhuelen, a weider bereet wier, mat den anere Parteien ze schwätzen, esou de Claude Wiseler.

"Point presse" nom CSV-Nationalrot (16.10.2018)
Nom Nationalrot huet de Claude Wiseler "e puer Wuert" un d'Press adresséiert.


Personalfroen
RTL-Informatiounen no sollten en Dënschdeg den Owend am Nationalrot e puer Personalentscheedunge fannen. Deem war also net esou - oder nach net esou.

Bis eng Regierung steet, bleiwe Wiseler, Spautz an Zeimet also mol en place.

Ma eisen Informatiounen no dierft et drop erauslafen, datt de Marc Spautz net méi zur Dispositioun steet fir Parteipresident ze bleiwen - hei stéing de Stater Schäffe Serge Wilmes prett, deen op der CSV-Zentrumslëscht den Zweetgewielte war.

D'Martine Hansen wéilt iwwerdeem de Poste vum Fraktiounschef vum Claude Wiseler iwwerhuelen, deen nëmmen nach wëll aus der zweeter Rei eraus politesch aktiv sinn.

Och den CSV-Generalsekretär Laurent Zeimet dierft säi Posten zur Dispositioun stellen - um CSV-Nationalkongress am Januar wier awer dee Vott souwisou gewiescht. De Laurent Zeimet war jo am Süden net méi an d'Chamber zréckgewielt ginn - dat mat engem Ecart vun 170 Stëmmen op d'Nancy Kemp-Arendt, déi an d'Chamber gewielt gouf.

En Dënschdeg den Owend ass an dëse Personalfroen awer nach keng Decisioun getraff ginn, ebe well elo mol esou weidergeschafft gëtt, bis eng Regierung steet.

Ausserdeem falen déi Entscheedungen net an d'Kompetenz vum Nationalrot, mä vum Nationalkongress, deen decidéiert iwwer de Parteipresident an de Generalsekretär. An do virdru mussen och nach Kongresser an der Bezierker ofgehale ginn. Wat de Fraktiounspresident ugeet, dat decidéieren d'Deputéiert, bei der CSV jo 21, eleng.


© Claudia Kollwelter


RTL-News: Wéi geet et weider? CSV fillt sech fir Gespréicher net erwënscht.

Commentaire vum Eric Ewald: Walen 2018 - Ee Gewënner an 3 Verléierer.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.