Bannent zwee Deeg, um Wal-Sonndeg an um Méindeg dono, huet RTL.lu mat iwwer 1,1 Millioune Visitten a 15,1 Millioune Säiten en neie Rekord opgestallt.
RTL Kommunikatioun
Um Wal-Sonndeg an um Méindeg dono, huet RTL.lu mat iwwer 1,1 Millioune Visitten a 15,1 Millioune Säiten* en neie Rekord opgestallt. Domadder stäerkt RTL Lëtzebuerg nees seng Positioun als éischt Informatiounsquell wärend de Walen 2018.
Den interaktiven Tool, dee live d'Resultater affichéiert huet, déi regional an national Estimatiounen, déi am Ufank vum Wal-Owend vu Kantar Public an TNS Ilres gemaach goufen, de Livestream vum Radio a vun der Télé an och de Liveticker mat Contenue vun den eenzelen RTL-Redaktiounen hunn zu dësem neie Rekord bäigedroen.