VIDEOEN: DP, déi Gréng, LSAPBettel: "Et ass de Wonsch vun den 3 Parteien, fir eens ze ginn"

E Mëttwoch de Moien um 10 Auer ass de Formateur Xavier Bettel mat de méigleche Koalitiounspartner am Kulturministère zesummekommen.

Blo, gréng a rout Verhandlungsdelegatiounen hu sech gesinn (17.10.2018)
Et geet schëtzeg, fir eng nei Regierung op d'Been ze stellen. Am Kulturministère war e Mëttwoch de Moien eng 1. Ronn. D'Ambiance wier gutt gewiescht ...
D’DP, LSAP an déi Gréng haten e Mëttwoch de Moien um 10 hir éischt Reunioun fir den Timing festzeleeën, wéi d’Koalitiounsverhandlunge sollen organiséiert ginn. Pro Partei setzen 7 Leit mat um Dësch an 11 Aarbechtsgruppe si geplangt.

D’Ambiance wier gutt gewiescht, esou de Premier a Formateur de Xavier Bettel, deen als Eenzegen no der Reunioun virun der Press geschwat huet.

Entrevue am Kulturministère - Reportage Nico Graf



Et goung bei der Entrevue éischter drëms sech ze organiséieren an d'Fro ze klären, wéi et mat den 11 Aarbechtsgruppe soll lafen. Detailer géifen hei am Laf vum Mëttwoch de Mëtteg nokommen.

1. Reunioun fir Koalitiounsgespréicher (17.10.2018)
Um Dënschdeg gouf et eng "organisatoresch" Reunioun tëscht de méigleche Koalitiounspartner DP, LSAP an déi Gréng.


D'Theme-Felder gi vun de Staatsfinanzen iwwert d'Wirtschaft an den Aarbechtsmaart, dat Soziaalt, d'Educatioun, d'Nohaltegkeet, de Logement bis bei d'Landesplanung.Et wieren och schonn Datumen fixéiert ginn fir déi kommend Woch, wou de Formateur Xavier Bettel d'Leit aus den Administratiounen wéilt gesinn fir de Rapport gemaach ze kréien, wéi d'Situatioun bei hinnen ass. Wat nei ass, ass dass och d'ITM an d'Sozialpartner eng Entrevue wäerten hunn.



D'Aarbechtsgruppen missten dann och elo ufänken mat schaffen, am November huet de Xavier Bettel dann och schonn eng 1. Reunioun fixéiert, wou d'Rapport vun deenen Aarbechtsgruppe soll virgeluecht ginn, fir dass dann och dono d'Koalitiounsgespréicher kéinten ufänken. D'Ambiance soll iwwerdeems ganz gutt gewiescht sinn. Déi eigentlech Koalitiounsgespréicher fänke wuel Mëtt November un.

RTL-Informatiounen no sinn och schonn d’Notten un de Formateur déi lescht Wochen ausgeschafft ginn, dëst sinn Informatioune vun de Ministèren an Administratiounen iwwert déi aktuell Situatioun am Land, virun allem wat d’Finanzen ugeet.

Bei der Fro, wéi ee géif mat der CSV ëmgoen, huet de Xavier Bettel gemengt, dass d'Partei elo misst mat hiren eegene Problemer selwer eens ginn. Op d'Fro hin, dass d'CSV sech jo awer nach ëmmer Hoffnunge géif maachen, dass ee fir Gambia II net géif op e Nenner kommen, huet de Formateur gemengt, dass et e Mëttwoch de Mueren ganz gutt gelaf wier, dat bei enger gudder Ambiance.

Et wier de Wonsch vun deenen 3 Parteien, fir eens ze ginn. Hei war et nach eemol de Message, dass an deene leschte 5 Joer gutt zesumme geschafft gi wier, dat op Aenhéicht, kollegial, am Respekt an am Vertrauen. Dohier ass een sech zimlech sécher, dass dës Koalitiounsverhandlungen an déi nämmlecht Richtung ginn. Dass d'CSV elo géif probéieren "Zizanie" ze versteeën, géif de Premier gesinn, seet awer, dass hinne dat net géif geléngen.

Bei der CSV bleift un der Spëtzt alles beim alen bis eng nei Regierung steet. Obwuel d’Wuert "Erneierung" no der Waldefaite am Raum steet, ass kloer: d’CSV wëll ofwaarden ob Blo-Rout-Gréng tatsächlech e Koalitiounsaccord zesummegefaasst kréien. Spekuléiert gëtt datt d’LSAP Basis en Accord géing verwerfen, wann deen ze vill Kompromësser mat de Liberalen an de Gréngen géing duerstellen.

Wéi den CSV Europadeputéierten Fränk Engel bei eis sot wier eng Dräier Koalitioun tëscht CSV, Gréng an engem Drëtte Partner eng Optioun.

De Mouvement écologique huet iwwerdeems seng Fuerderungen un déi nächst Regierung presentéiert. D’Ëmweltassociatioun verlaangt « strukturell wierksam Léisungen », notamment mat enger neier nohalteger Steierreform. Dës weideren misst et e Recht ginn op bezuelbare Wunnraum a méi Demokratie misst gewot ginn.

Um Mëttwoch de Moien: Entrevue am Kulturministère (17.10.2018)
De Formateur Xavier Bettel huet déi méiglech Koalitiounspartner fir eng éischt Entrevue an de Kulturministère invitéiert.

Um Mëttwoch de Moien: Entrevue am Kulturministère (17.10.2018)
De Formateur Xavier Bettel huet déi méiglech Koalitiounspartner fir eng éischt Entrevue an de Kulturministère invitéiert.


D'CSV presentéiert iwwerdeems um Donneschdeg de Moien um 10 Auer op enger Pressekonferenz hier Analyse vun de Walresultater. Iwwerdeems waarden déi Chrëschtlech Sozial of, ob Blo-Rout-Gréng effektiv e Koalitiounsaccord zustane kréien.

Kritesch begleet ginn déi geplangte Koalitiounsverhandlungen, fir eng Neioplo vu Gambia, och vun déi Lénk. Wéi et e Mëttwoch an engem Communiqué geheescht huet, géif een d'Regierungsparteien an den nächste Méint a Joren besonnesch bei Theme wéi enger Hausse vum Mindestloun, der Verkierzung vun der Aarbechtszäit an dem Ausbau vum gratis ëffentlechen Transport, ënner Drock setzen.

Et hätt een seng Positioun an deene véier Bezierker kënne festegen, sou nach di Lénk, och wann d'Resultat hannert den Erwaardungen zeréck bliwwen ass. Vun 2021 un sëtzen iwwregens fir d'éischte Kéier fir déi Lénk zwou Fraen um Krautmaart. Bedéngt duerch de Rotatiounsprinzip ginn dee Moment déi zwee aktuell Deputéiert Marc Baum an David Wagner duerch d'Myriam Cecchetti an d'Nathalie Oberweis an der Chamber ersat

Hei dat offiziellt Schreiwes
Lancement des négociations de coalition par le formateur nommé par S.A.R. le Grand-Duc (17.10.2018)

Communiqué par: Service information et presse du gouvernement

Xavier Bettel, nommé formateur par S.A.R. le Grand-Duc en date du 16 octobre 2018, a invité les représentants des partis DP, LSAP et déi gréng à une première réunion plénière des négociations de coalition qui s'est tenue le 17 octobre à l'Hôtel des Terres rouges.

À cette occasion, les présidents de délégation ont confirmé avoir reçu le mandat unanime des organes directeurs de leur parti respectif de s'engager dans ces négociations dans le but de former le prochain gouvernement.

La première réunion plénière a essentiellement servi à fixer le cadre organisationnel des négociations.

Les prochaines réunions plénières qui se tiendront en principe à l'Hôtel des Terres rouges sont fixées au 23 octobre (08 h 30 à 11 h 30 et 14 h 30 à 17 h 00), au 25 octobre (10 h 00 à 17 h 00), au 26 octobre (11 h 00 à 16 h 00) et au 14 novembre (09 h 00 à 17 h 00). Les réunions plénières suivantes seront fixées ultérieurement.

Les négociateurs se sont accordés sur la formation des 11 groupes de travail suivants qui ne préjugent aucunement de la future organisation des départements ministériels:

1 Finances publiques, Fiscalité, Développement de la place financière (et implications internationales et Brexit)

2 Économie, Emploi, Compétitivité, Tourisme, Énergie

3 Social, Famille, Santé, Égalité des chances

4 Éducation, Sport, Enfance, Jeunesse, Enseignement supérieur et Recherche, Culture

5 État, Institutions, Réforme administrative, Fonction publique, Protection des données

6 Développement durable, Climat, Protection des ressources, Consommateurs, Agriculture

7 Logement, Communes

8 Politique internationale et transfrontalière, Europe, Coopération, Défense, Intégration, Immigration

9 Médias, Numérique, Digitalisation

10 Infrastructures, Aménagement du territoire, Mobilité

11 Justice, Sécurité intérieure

Lors des prochaines séances plénières, le formateur invitera les partenaires sociaux, ainsi que les dirigeants des administrations et organes suivants pour un échange de vues:

Trésorerie de l'État
Inspection générale des finances
Administration de l'enregistrement, des domaines et de la TVA
Directeur de la fiscalité
Administration des douanes et accises
Administration des contributions directes
Banque centrale du Luxembourg
Institut national de la statistique et des études économiques du Luxembourg
Administration pour le développement de l'emploi
Inspection du travail et des mines
Inspection générale de la sécurité sociale
Caisse nationale de santé
Caisse nationale d'assurance pension
Administration de l'environnement
Administration de la gestion de l'eau
Représentant permanent du Luxembourg auprès de l'Union européenne

D'Delegatioune vun de Parteien





Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.