An de 4 BezierkerNegativrekord vun ongültege Walziedelen zanter 2004

Zanter de Chamberwale vun 2004 geet d'Zuel vu Wieler, déi wäiss oder „nul“ Walziedelen an d'Urn geheit hunn, permanent an d'Luucht.

© RTL Archivbild
Goufen där ongülteg Ziedele viru 14 Joer zesummen 11.182 gezielt, waren et der um Wal-Sonndeg ewell 16.837. Den Eric Ewald huet d'Chifferen aus de 4 Walbezierker ënnert d'Lupp geholl.

Wäiss an nul Ziedele bei de Walen / Reportage Eric Ewald



Wann een den Oste kuckt, da geet do d'Zuel vun de wäisse Walziedelen zeréck - no engem Pic am Joer 2009 mat 992 - virun 3 Deeg waren dat der 823. Dogéint ass déi vun den ongültege Walziedele konstant um Virmarsch, vu 611 am Joer 2004 op 1.141 dës Kéier. E Sonndeg sinn am Ganzen 1.964 wäiss an nul Walziedelen ofgi ginn.

Eriwwer an den Norden: Hei gouf e Sonndeg, wat déi wäiss Walziedelen ugeet, en neie Rekord mat 1.335 notéiert, an och där ongülteger gouf et souvill wéi nach ni virdrun, mat 1.766. Zesumme waren dat der virun 3 Deeg 3.101.

Am Zentrum gouf e Sonndeg just en neie Rekord opgestallt, wat déi ongülteg Walziedele betrëfft: Dat waren der 2.660. Wäisser waren der 1.602 an deenen eenzelen Urnen: 2009 hat een därer mat 1.687 méi. Domat goufen zesummegerechent e Sonndeg 4.262 wäiss an nul Walziedelen ofginn.

De Süden dann hat virun 3 Deeg souwuel bei de wäissen (mat 3.197), wéi bei de Walziedelen, déi nul sinn (mat 4.313), en neien Negativrekord Opweises: Zesumme waren dat der ëmmerhi 7.510.

Deemno weist den Trend zanter 2004 kloer no uewen, vun 11.182 dunn, iwwer 13.322 am Joer 2009 a 14.863 am Joer 2013, op 16.837 e Sonndeg. Dat sollt d'Politik interpelléieren.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.