Reklamatioun géint WalgesetzDe Robert Mehlen vun der adr fecht d'Walresultat viru Geriicht un

Als Argument gëtt den ADR-Politiker d'Constitutioun un, déi d'Lëtzebuerger virum Gesetz gläichstellt.

De Robert Mehlen vun der adr fecht d'Wahlresultat viru Geriicht un.

Hie stéiert sech um Verdeele vun den Deputéiertemandater iwwert d'Bezierker an hält d'Walprozedur mam Verdeele vun de Reschtsëtzer fir verfassungswiddereg.

Bei der Reklamatioun baséiert de Robert Mehlen sech haaptsächlech op den Artikel 10bis vun der Constitutioun:"Les Luxembourgeois sont égaux devant la loi". Ma dem ADR-Politiker no wier et kloer, dass dëst Recht net fir jiddweree gëllt, well net all Wieler am Land dat selwecht Stëmmrecht hätt.

Heibäi gëtt de Robert Mehlen de Verglach tëscht Osten an Zentrum. Am Oste wiere 36.595 Leit wiele gaangen, am Zentrum 72.986.

Ma de Wieler am Osten huet a punkto Stëmmrecht awer just 7 Stëmmen, déi aus dem Zentrum ganzer 21, also 3 mol sou vill, obwuel den Ënnerscheed vun de Wieler just 1 zu 2 ass. Ähnlech ass d'Divergenze och tëscht Norden an Zentrum.

Wann et misst sinn, géif de Politiker bis op d'Verfassungsgeriicht, respektiv d'Geriicht fir d'Mënscherechter zu Stroossbuerg goen.

De Communiqué vun der ADR

© ADR


© ADR


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.