Entscheedung Enn der WochHenri oder Martin: Wéi ee Kox-Brudder dierf an d'Chamber?

Déi zwee Kox-Bridder kéinten an d'Chamber noréckelen, dëst ass awer dem Walgesetz no net méiglech. Äntwerte gi sech Enn der Woch erwaart.

© RTL Grafik

Spéitstens Enn der Woch wëllen d’Gebridder Henri a Martin Kox ëffentlech iwwert hir Zukunft kommunizéieren. Dat sot den Henri Kox, deen jo an der leschter Regierung Deputéierte vun déi Gréng fir den Osten war, e Méindeg de Moien de Kollege vun RTL Radio Lëtzebuerg op Nofro.

Duerch hir Resultater bei de Wale kéinten déi zwee Bridder u sech Allenzwee an d’Parlament noréckelen, wann eng Neioplo vun der blo-rout-grénger Koalitioun zestane kéim.

Wéinst dem Walgesetz ass dat allerdéngs net méiglech. Enk Familljememberen dierfen net zesummen am Parlament setzen. De facto dierf nëmmen ee vun de Bridder Deputéierte ginn. Réng theoretesch wär et awer méiglech, dass ee Brudder an der Regierung an deen aneren am Parlament schaffe géif.

Sträit hätten hien op alle Fall net mat sengem Brudder, huet den Henri Kox betount. D’Tageblatt hat jo virum Weekend an engem Artikel e bëssen provokativ gefrot, ob den Hauseegen an der Famill Kox duerch dës Situatioun schif géif hänken.

"Les membres de la Chambre ne peuvent être parents ou alliés jusqu'au deuxième degré ni être unis par les liens du mariage; dans le cas où ils sont élus ensemble, il est procédé par tirage au sort à la proclamation du candidat élu." (article 131 du règlement)"

Sollte sech déi zwee Bridder net eens ginn, esou muss d'Lous entscheeden, wie vun deenen Zwee an d'Chamber kënnt.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.