De Kloertext elo am ReplayKoalitiounsverhandlungen: Erwaardungen a Knackpunkten

Et geet beim Optakt vun de Koalitiounsverhandlungen ëm d'Erwaardunge vu Vertrieder vun der Zivilgesellschaft un déi zukünfteg Regierung.

Sinn all Walversprieche finanzéierbar? Wéi e Konsens fanne bei Steieren an Aarbecht? Wat ännert duerch dat neit Kräfteverhältnes? Wat fuerderen d'Sozialpartner?

"Mir wëllen en Accord, an dem alles dra steet an hannert deem um Enn och all d'Parteie stinn." Dat sot de Formateur Xavier Bettel beim Optakt vun den Koalitiounsverhandlungen. Dass déi 3 Loscht hunn, nach eemol zesumme fir 5 Joer d'Land ze regéieren, dorunner zweiwelt keen: Wann eppes evident ass, dann hir gutt Laun a Freed, et dach - wann och mat neeleger Majoritéit - nees gepackt ze hunn! Just vu selwen geet et nett, an et ass och net vu Muttwëll, dass vill Zäit ageplangt ass, fir en Accord ze fannen ...

Et ass net méi déi selwecht Situatioun ewéi 2013, et geet dem Land wirtschaftlech vill besser, d'Verhandlungspartner gesi Sputt fir weider Investissementer, mä wat, wann et nees méi lues geet mat der Konjunktur, wat sech schonn undeit: Wéi sinn dann déi dach deels grouss Ënnerscheeder an de Walprogrammer, virop bei Steieren an Aarbecht, ënnert een Hutt ze kréien? "Et geet net ëm entweder oder" ass e Liiblingssproch vum Premier, mä ass alles gläichzäiteg méiglech, sënnvoll, finanzéierbar? Anescht ewéi 2013 ass och d'Kräfteverhältnes tëscht Blo-Rout-Gréng, wat ännert dat? A wat fuerderen d'Sozialpartner?

Doriwwer diskutéieren dës Invitéen: De President vum OGBL André Roeltgen, d'Presidentin vum Mouvement écologique Blanche Weber, de Robert Urbé vun der Caritas a responsabel fir de Sozialalmanach, de President vun der Fedil Nicolas Buck an den Direkter vum Statec Serge Allegrezza.

Koalitiounsverhandlungen: Erwaardungen a Knackpunkten (24.10.2018)
Et geet beim Optakt vun de Koalitiounsverhandlungen ëm d'Erwaardunge vu Vertrieder vun der Zivilgesellschaft un déi zukünfteg Regierung - am Kloertext!


Invitéen am Kloertext
André Roeltgen (President OGBL)

© Eric Steichen

Blanche Weber (Presidentin Mouvement Écologique)

© Eric Steichen

Robert Urbé (Caritas)

© Eric Steichen

Nicolas Buck (President Fedil)

© Eric Steichen

Serge Allegrezza (Direkter STATEC)

© Eric Steichen


De Kloertext am Resumé
En Donneschdeg trëppele se zesummen an d'Koalitiounsverhandlungen, d'Sozialpartner, fir gelauschtert ze ginn. Am "Kloertext" vum Mëttwoch souze si sech vis-à-vis: den André Roeltgen vum OGBL an den Nicolas Buck vun der Fedil. "Natierlech komme mir mat enger Lëscht u Fuerderungen", sot de President vum OGBL, och wann de Gros dervun natierlech scho bekannt ass ewéi zum Beispill eng Hausse vum Mindestloun, sou wier et de Moment, fir se nach emol an aller Däitlechkeet virzebréngen. Bei alle Fuerderunge stellt sech jo ëmmer d'Fro, a wéi wäit se ze finanzéiere sinn. Fir déi finanziell Bestandsopnam an ze kucken, wéi grouss den Handlungsspillraum ass, waren en Dënschdeg schonn déi Responsabel vun den zoustännege Verwaltunge geruff ginn, dorënner och de Serge Allegrezza. Kierzlech huet de Statec ganz nei Chiffere presentéiert, wou de Wuesstem vum PIB no ënne revidéiert gouf: 1,5 amplaz vun 2,3% fir 2017 an 3,2 amplaz vu 5,1% fir den 1. Trimester vun dësem Joer.

Wat bedeiten déi Zuelen a firwat komme se eréischt no de Walen? Doropshin huet de Serge Allegrezza e Mea culpa gemaach a vu ganz komplexe Berechnunge geschwat, déi och hätte missen nach eemol genee gepréift an analyséiert ginn, a vun Donnéeën, déi d'Wäerter verfälscht hätte fir 2017, wuel awer och kloer zouginn, dass d'Baisse vun 2018 eendeiteg e Réckgang vun der Konjunktur bedeit, an dat och dem allgemengen internationale Kontext entsprécht. Deen ass ëmmer méi ugespaant ënner anerem duerch Krisen an der EU mat den Italiener an hirem Budget oder duerch déi aggressiv Handelspolitik vun den USA. Nach wieren awer genuch Reserven do.

D'Haaptdiskussioun huet ëm Ëmverdeelung a Gerechtegkeet gedréint, souwuel den André Roeltgen ewéi de Robert Urbé an d'Blanche Weber hu vun enger ëmmer méi grousser Ongläichheet geschwat, engem Desequiliber tëscht der Besteierung vu Kapital, Aarbecht an och de Ressourcen. Mir brauchen en neie Gesellschaftsmodell sot d'Presidentin vum Mouvement écologique a mir missten ons Wäerter fundamental hannerfroen, dass de Ressourcë-Verbrauch am Moment grad zu 5% u Steiere bäidréit, wier de falschen Ureiz a Lëtzebuerg wier do och europäescht Schlussliicht - e Wee wier do zum Beispill eng CO2-Steier. Net prinzipiell dogéint war de Vertrieder vum Patronat, deen awer skeptesch ass, wat d'Ëmsetzung bedeit, och wann hien net déi grouss Erausfuerderung fir d'Betriber beim Klimawandel an Ëmweltschutz ofstreit.

Wéi ze erwaarden, gouf et dunn awer ganz kloer Fronte beim Thema Betribssteieren, wou d'Patronat fir eng Baisse vum Taux d'affichage plaidéiert op OECD-Niveau, dat heescht ëm déi 20% fir weider kompetitiv ze sinn, elo wou duerch nei sougenannt BEPS-Reegele keng Steier-Rulingen an Ofschreiwungen op Mooss méi méiglech sinn. "Dir sidd ons schonn eemol mat BEPS komm an du krut Dir schonn eng Baisse vun de Betribssteieren", huet den André Roeltgen gekontert, fir dee guer net erwisen ass, wat déi nei Reegelen elo genee fir Auswierkungen hätten, dat misst ee préiwen a beweisen, iert een nach eemol de Betriber entgéintkënnt, iwwerdeems fir Privatstéit eng automatesch Upassung un de Steierbarem sollt kommen.

"D'Fro vun der Gerechtegkeet ass ganz villschichteg", sot de Robert Urbé, bei der leschter Steierreform wiere esouguer Leit steierlech entlaascht ginn, déi bis zu 35.000 Euro de Mount verdéngen. A wann e Revenu, deen aus Kapital kënnt, nëmmen zur Hallschent besteiert gëtt an deen aus der Aarbecht voll, da misst ee sech och fundamental Froen stellen. An d'Betribssteiere wiere grad esou ongerecht, well de klenge Betrib an Handwierker géing déi 26 % Steiere wuel bezuelen, mä jiddereen wéisst, dass Amazon der mol eng 3 bezilt, trotz deem nach méi héijen Taux d'affichage. Do war den Nicolas Buck averstan, deen déi nei Reegelen och begréisst huet, fir d'éischte Kéier kéim doduerch zu Lëtzebuerg eng Harmoniséierung vun de Steiere fir all Betriber tëscht der PME, déi 26 % bezilt, dem Finanzsecteur, wou et ëm déi 17 % sinn, an dann de grousse Betriber, déi via Rulingen esou laang vill manner bezuelt hunn.

Guer keen Accord gouf et dunn awer, wéi indirekt vum Index geschwat ginn ass. Den Nicolas Buck huet proposéiert, dee "rifkin-konform" ze maachen andeem een de Pëtrol eraus kéint huelen. Kloer Uso vu sengem Gewerkschaftsgéigeniwwer: "Kee geet un den Index - och net u säi Wuerekuerf!"

Anert kontroverst Thema waren nach d'Aarbechtszäitorganisatioun an d'Aarbechtszäitflexibiliséierung, woubäi och do d'Sozialpartner eng ganz ënnerschiddlech Interpretatioun vu Flexibilitéit hunn. De Serge Allegrezza huet nach drop higewisen, dass een déi net just als Käschtepunkt soll gesinn, mä och als Standuert-Argument.

Ganz prinzipiell ass kee vun den Invitéen dervun ausgaangen, trotz deels ganz ënnerschiddleche Walprogrammer, dass Blo-Rout-Gréng sech net nach eng Kéier eens ginn an dass et ewell eng Normalitéit wier, zu 3 ze regéieren ouni CSV, an dass een och fir verschidde Reforme méi wéi eng Legislatur bräicht.

De Kloertext leeft am Prinzip all zweete Mëttwoch um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg - direkt nom Journal. Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay nach eemol kucken oder consultéieren. (Et kann awer e bëssen daueren, bis d'Emissioun no der Diffusioun komplett fir den Internet konvertéiert ass. Merci fir Äert Versteesdemech.)

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.