Chambre de CommerceInflatioun bremsen, Aarbechtszäit flexibiliséieren

An der Serie vu Revendicatiounen un d'Adress vun der nächster Regierung war et e Mëttwoch un der Chambre de Commerce.

Nei Regierung: Recommandatioune vu Chambre de Commerce (24.10.2018)
D'Chambre de Commerce gesäit sech am Zentrum vum Liewe vun der Lëtzebuerger Ekonomie an huet dofir en Dossier fir d'Koalitiounspartner ausgeschafft.
D'Chambre de Commerce gesäit sech am Zentrum vum Liewe vun der Lëtzebuerger Ekonomie, dofir ass en Dossier mat Recommandatiounen un d'Koalitiounspartner ausgeschafft ginn. "De Succès vun der digitaler- an der ekologescher Transitioun féiert zu qualitativem Wuesstem", seet d'Chambre de Commerce, et misst een an Zukunft den Triple A vum Land garantéieren, d'Inflatioun maitriséieren an administrativ Barrièren ofbauen. Esou recommandéiert een dann och, Ministèren ze regruppéieren an zum Beispill a 6 Superministèren zesummenzeleeën.

De President vun der Chambre de Commerce Michel Wurth



D'Produktivitéit géif hei am Land net wuesse, mä stagnéieren, dat wier net gutt fir an Direktioun vum qualitative Wuesstem ze goen.

Vun der Iddi, de Mindestloun ze erhéijen, hält d'Chambre de Commerce iwwregens näischt.

E kuerzen Iwwerbléck iwwer d'Recommandatiounen
Virop misst d'Inflatioun gebremst ginn, besonnesch déi hausgemaachten.

D'Aarbechtszäit misst virum Hannergrond vun der Digitalisatioun méi flexibel kënne gestallt ginn.

Et soll weider un der Simplification administrative geschafft ginn.

De Problem vum Logement soll der Handelskummer no méi resolut ugepaakt ginn.

D'Wirtschaft soll méi diversifiéiert ginn.

De Pensiounssystem misst iwwerduecht ginn.

D'Betribssteier misst och nach emol op de Leescht geholl ginn.

Wat d'Educatioun betrëfft, plädéiert d'Chambre de Commerce fir zwou Sprooche-Filièren.



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.