Trisomie 21Behënnerungssecteur soll 1 zoustännege Ministère oder Coordinateur kréien

D'asbl Trisomie 21 huet hir Doleancen an engem oppene Bréif un déi zukünfteg Regierung an déi nei Chamber adresséiert.

© RTL-Archiv

D'asbl setzt sech ënnert anerem fir een eenzege Ministère, respektiv op d'mannst ee Coordinateur fir de ganze Behënnerteberäich an.

Si weisen awer och nach op aner Punkten hin, déi si an den diverse Walprogrammer vermësst hunn:

- Inclusioun an der Famill, Schoul, Aarbechtswelt, Fräizäit, a bei sozialen/sportlechen Aktivitéiten
- Reell inklusiv Schoul fir Jiddereen
- Qualifizéiert Ausbildungsweeër
- Life Long Learning (25 + )
- Besser Begleedung an den Aarbechtsmaart
- Erofsetzen vum Pensiounsalter a flexibel Aarbechtszäiten fir Mënschen mam Statut “travailleur handicapé”
um 2. Aarbechtsmarché (Ateliers protégés)
- Revisioun vum RPGH (revenu pour personnes gravement handicapés)
- Verbesserungen beim ADAPTO an am ëffentlechen Transport
- Urechnen vum Mentalen Handicap bei der Assurance Dépendance
- Perséinlech Assistenz endlech erméiglechen
- Spezielle Congé fir „aidants informels“, am Fall vun längerer Krankheet
- Encadrement am Fall vun Hospitalisatioun
- Abezéien vum “Handicap invisible”
- Anhale vun de Quoten
- Revisioun vum aktuellen Tutellengesetz
- Accessibilitéit vun Neibauten
- Inklusiv Wunnkonzepter, fir all Matbierger
- Autonoomt Wunnen duerch Baudirektiven fërderen
- Iwwerdenken vum Fonctionnement vun de Foyeren, Atelieren, och do Autonomie fërderen
- Selbstbestëmmten Liewen iwwerhaapt mol erméiglechen
- Respektéieren vun der UN-BRK

PDF: Bréif vun Trisomie 21

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.