KoalitiounsverhandlungenDës Woch méi séier fäerdeg wéi geduecht

E Freideg war de Jean Asselborn bei de Verhandlungen derbäi, fir e Projet aus dem Aarbechtsgrupp "Affaires étrangères" ze presentéieren.

An de Koalitiounsverhandlungen dierft et lues, awer sécher op déi leschte Ligne droite goen. Gutt 2 Stonnen éischter wéi virgesi sinn d'Paarten am Ausseministère e Freideg opgaangen.

Fir dës Woch wier ee fäerdeg, esou de Formateur Xavier Bettel no der Plenière.

Fir den Ament sinn alleguer d'Texter aus den Aarbechtsgruppen, déi d'Verhandlungsdelegatioune kritt hunn, ofgeschloss, et géingen der just nach 3 bleiwen.

Leien déi bis vir, sinn d'Verhandlunge awer nach net ofgeschloss. Méi kriddeleg Punkte mussen déi nächst Deeg a Wochen tëscht DP, LSAP an déi Gréng nach tranchéiert ginn. En definitiven Datum fir eng Regierungserklärung oder eng Vereedegung vun de Ministere gëtt et nach net, seet de Formateur.



Am Timing

En Vue vun engem Koalitiounsaccord souzen d'Verhandlungsdelegatioune vu Blo, Rout a Gréng e Freideg vun 10 Auer u fir eng weider Plenière beieneen.

Schonn eng hallef Stonn virdrun hat sech eng DP-Ronn am Ausseministère Rendez-vous fir eng Reunioun ginn, mat do derbäi: de Formateur Xavier Bettel.

Agendaméisseg kéim ee gutt weider an et géing ee sou lues un d'Enn gesinn, sot de Xavier Bettel bei senger Arrivée.

De Xavier Bettel (1)



De Formateur rappeléiert och e Freideg de Moien, datt de Public sech mat konkreten Inhalter nach muss gedëllegen. Eventuell Iwwerleeungen, déi aus den zouene Raim erausdrëpsen, ginn net kommentéiert. En eventuelle Changement bei der Kilometerpauschal gouf e Freideg awer och net kloer dementéiert. "Kee Kommentar", esou de Formateur.

De Xavier Bettel (2)



Pro Europa

E Freideg war et um Dossier "Aussepolitik". Den Ausseminister Jean Asselborn souz mat um Dësch, fir de Rapport ze maachen, och d'Immigratioun an d'Integratioun wieren Theme gewiescht, esou de Xavier Bettel. Allgemeng wier kloer, datt de Grand-Duché den europäesche Projet och déi nächste 5 Joer géing verdeedegen.

Den aktuellen a wahrscheinlech nächste Premier seet iwwerdeems, et wier net un him fir ze decidéieren, wien a senger Regierung wéi ee Poste kritt, dat wier d'Saach vun de Parteien. Viru 5 Joer hätt een d'Experienz gemaach, datt d'Personalie besser eréischt ganz zum Schluss gekläert ginn.

E Mëttwoch ass den nächste Rendezvous. Fir den Ament ass déi lescht Plenière fir de 5. Dezember virgesinn. Wann een awer bis dohinner net sollt fäerdeg ginn, da geet et an d'Verlängerung.

D'Regierungsdeklaratioun soll jiddefalls virun der Chrëschtvakanz gemaach ginn, dat ass d'Zil vum Formateur Bettel.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.