VIDEO: "Meng Aarbecht ass ofgeschloss"D'Koalitiounsverhandlungen si fréizäiteg op en Enn komm

9 Reuniounen an der Plenière sinn duergaangen: D'Verhandlungen tëscht Blo, Rout a Gréng sinn ofgeschloss, den Accord gëtt en Donneschdeg presentéiert.

Koalitiounsverhandlungen eriwwer (28.11.2018)
9 Reuniounen an der Plenière sinn duergaangen: D'Verhandlungen tëscht Blo, Rout a Gréng sinn ofgeschloss, den Accord gëtt en Donneschdeg presentéiert.

Wäissen Damp aus de Koalitiounsverhandlungen: U sech sollten en Donneschdeg nach eemol d'Delegatiounen an der grousser Ronn beienee kommen, dat ass awer elo net méi néideg, wéi de Formateur Xavier Bettel sot, hätt hien d'Aarbecht an der Plenière ofgeschloss.

Koalitiounsverhandlungen eriwwer - Reportage Pierre Jans


De Xavier Bettel huet d'Aarbecht an der Plenière ofgeschloss



Dës oder d'nächst Woch soll den Text iwwerlies ginn, bis dohi muss de Formateur d'Kapitelen aus den eenzelen Aarbechtsgruppen zesummebréngen, fir dann e kohärente Koalitiounsaccord ze hunn, sot de Xavier Bettel.

Amplaz vun enger Reunioun am grousse Krees, gëtt en Donneschdeg um 15 Auer d'Press vum Xavier Bettel an den dräi Verhandlungsdelegatiounen iwwert déi grouss Linnen informéiert, déi d'Parteien am Koalitiounsaccord festgehalen hunn, respektiv wou een am Moment mam Timing drun ass. D'nächst Woch gëtt an enger gemeinsamer Sëtzung de finalen Text vu Blo-Rout-Gréng ugeholl.

En Donneschdeg wäert awer nach net offizialiséiert ginn, wien an der Regierung ass, well am Virfeld vun dëser Annonce d'Partei-Gremie musse mat de Ressorten d'accord sinn, respektiv mat der Propos vun de respektive Parteispëtzten.

Wéi geet et elo virun? - Xavier Bettel

Eréischt duerno gëtt dann de globalen Accord am Detail presentéiert an natierlech och d'Käpp, déi an der Regierung wäerten dobäi sinn. Kommentéieren wollt de Xavier Bettel heizou näischt. Am Laf vum Donneschdeg sinn awer dunn ëmmer méi Informatiounen un d'Press komm, sou dass inoffiziell de Gros vun de Käpp op de jeweilege Posten dierfte bekannt sinn.

D'Posteverdeelung hätt awer net déi gréisste Prioritéit, esou de Xavier Bettel no de leschten Koalitiounsverhandlungen. E Freide géing hie méi iwwert déi definitiv Repartitioun tëscht de Parteie matdeelen.

Wéini dann d'Vereedegung vun der neier Regierung ass, konnt de Formateur och nach net soen. Deen Datum géif dovun ofhänken, wéini d'Gremie vun de Koalitiounsparteien sech gesinn. Iwwerdeems misst hien dat als Formateur och nach mam Grand-Duc diskutéieren.

© RTL

No der leschter Sëtzung huet de Xavier Bettel sech erliichtert gewisen. ''D'Negociatiounen si gutt verlaf'', esou säi Message. Fir d'zweet hannereneen ass hie jo elo Formateur. Gouf et fir hien en Ënnerscheed tëscht 2013 an haut? Hien hätt dës Kéier direkt gewosst, wéi eng Method gutt fonctionnéiert fir zu dräi e Programm op d'Been ze stellen, a wéi eng net. D'Schaffen an den Aarbechtsgruppen hätt hien ëmmer am einfachste fonnt, esou de Formateur, an dat hätt och dës Kéier seng Friichte gedroen.

De Rapporter vun all Aarbechtsgrupp hätt d'Accente vun engem Sujet an der Plenière presentéiert. Duerno hätt ëmmer en Echange stattfonnt. Hie wär kee Frënd vun enger Sträitkultur, deemno wären och méi kontrovers Punkten ziviliséiert diskutéiert ginn, bis een eng gemeinsam Linn ausgeschafft hätt, sot de Xavier Bettel.

An dowéinst hätt hien als Formateur och permanent grousse Wäert drop geluecht, keng Rumeuren, respektiv duerchgesickert Informatiounen ze kommentéieren, esou de Xavier Bettel. Hie wéist, dass vläicht deen een Interêt hätt, dass ''déi an déi Informatioun no bausse kéim'', an eng aner Partei hätt nees aner Interessen.

Elo géif de gemeinsame Programm d'Handschrëft vun den dräi Parteien droen. De Programm huet de Xavier Bettel beschriwwen als modern, ambitiéis, sozial gerecht an nohalteg. An och d'Wirtschaft géif sech doran erëmfannen. Méi Detailer gëtt et wéi gesot en Donneschden.




D'Zesummesetzung vun der neier Regierungsekipp
Nieft den Detailer, déi iwwer eenzel Punkten aus dem Koalitioun-Accord an der Press zirkuléieren, interesséiert natierlech och ëmmer d'Zesummesetzung vun der neier Regierungsekipp, déi jo d'nächst Woch offiziell wäert presentéiert ginn. Schonn e Mëttwoch de Moien, respektiv am Laf vum Mëtteg waren schonn en ganz Partie Informatiounen un RTL erukomm.

Nodeems den Nicolas Schmit sech jo fir den EU-Kommissär-Posten interesséiert, dierft hien net méi mat an d'Regierung goen, mä sech op d'Campagne vun den Europawalen konzentréieren.

RTL-Informatiounen no zirkuléiert mam Paulette Lenert en neien Numm fir de Poste vum eenzegen Ost-Vertrieder, deen d'LSAP an der Regierung zegutt huet, ze besetzen. D'Madamm Lenert war ewell Mëtt 2016 am Gespréich, wéi driwwer spekuléiert gouf, ob den Nicolas Schmit géif fir d'Europäesch Cour des Comptes nominéiert ginn.

Och d'Tess Burton war deemools am Gespréich, mä et sollt net zu deem Remaniement kommen - an och dës Kéier géif, eise Sourcen no, d'32 Joer al Maacher Deputéiert net an d'Regierung kommen, mä an der Chamber siegéieren.

D'Paulette Lenert, déi wéi eisen Informatiounen no, am enke Feld vun de méiglechen LSAP-Kandidaten ass, fir an d'Regierung ze kommen, wunnt zu Munneref an ass aktuell 1re Conseillère de Gouvernement am Ministère vun der Fonction Publique.

Wéi hiren Numm virun 2 Joer zirkuléiert war, war een dovunner ausgaangen, datt d'Madamm Lenert de Kooperatiounsministère géif iwwerhuelen an de Romain Schneider wier an der Successioun vum Nicolas Schmit Aarbechtsminister ginn - mä dat war 2016. Haut ass d'aktuell héich Beamtin am Ministère vum Dan Kersch, wéi gesot, am Gespréich, fir als Newcomer an d'nei Regierungsekipp vun der Dräierkoalitioun ze kommen.

Reaktioun vum Tess Burton

Op eis Nofro hin konnt, respektiv wollt d’Tess Burton eis déi Informatioun net kommentéieren. Si huet sech awer erstaunt gewisen, datt den Numm vun där LSAP-Politikerin Paulette Lenert (no 2016) nees an de Medien optaucht.

Déi Fra wär effektiv LSAP-Member, géif am Oste wunnen, zu Réimech. Si ass och zejoert zu Réimech mat an d’Gemengewale gaangen, net awer dëst Joer an d’Chamberwalen.

Weider Spekulatiounen iwwert d'Regierungsbildung
Wat soss d'Opdeele vun de Ressorten ugeet, gouf bis ewell vill spekuléiert. D'Lëtzebuerger Wort schreift um Mëttwoch, dass de Landwirtschaftsministère nees zeréck un d'Sozialiste soll goen. De Romain Schneider, dee scho vun 2009 bis 2013 de Ressort vun der Landwirtschaft, dem Wäibau an der ländlecher Entwécklung ënnert sech hat, soll dësen nees iwwerhuelen.

Aus Verhandlungskreesser krut RTL dës Nouvelle confirméiert, deemno de Romain Schneider bereet wier, dëse Posten z'iwwerhuelen. Op engem Kongress vun der LSAP muss d'Parteibasis dann doriwwer ofstëmmen.

Dementéiert huet de Formateur Xavier Bettel näischt vun deem all. Awer eben och näischt confirméiert. Dofir déi selwecht Floskel ewéi ëmmer: Et soll ee sech op de ganze Pak gedëllegen. De Romain Schneider vun der LSAP sengersäits sot, hie wär motivéiert, fir all Ministerposten z'iwwerhuelen, deemno och fir deen vum Landwirtschaftsminister.

RTL-Informatiounen no soll de Sportministère bei der LSAP bleiwen. Et kéint awer e Changement bei der Persoun ginn. Et kéint sinn, datt den Dan Kersch dee Ressort vum Romain Schneider géif iwwerhuelen, heescht et.

De Félix Braz vun déi Gréng huet näischt kommentéiert, sot awer, dass ee gutt virukéim mat all den Dossieren. De Xavier Bettel huet confirméiert, dass d’Aarbechtsgruppen all ofgeschloss sinn.

Wéi mer och scho gemellt haten, géif de Landwirtschaftsminister vu bis elo, Fernand Etgen, iwwerdeems neie Chamberpresident ginn. Hie géif zugonschte vum Marc Hansen, dee bis elo de Logement ënnert sech hat, op ee Ministerposte verzichten, dee sengersäits als Net-Gewielten an déi nei Regierung kéim.

Antëscht sickeren och ëmmer méi Detailer duerch, op wat sech déi dräi Parteie gëeenegt hunn. En Dënschdeg hate mer an dem Kontext gemellt, dass et effektiv op den 1. Januar zu enger Netto-Hausse vum Mindestloun an Héicht vun 100 Euro kënnt. Donieft sollen et 2 supplementar fräi Deeg am Joer fir d'Salariéen ginn. Ee un dësen Deeg wier en neie gesetzleche Feierdag, an zwar den 9. Mee, den Europadag.

Artikel: 2 supplementär fräi Deeg, Hausse vum Mindestloun a Legaliséierung vu Cannabis

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.