VIDEO: Face-à-faceFelix Braz (Déi Gréng) - Claude Wiseler (CSV)

E Méindeg de Moie waren d'Sprooch an d'Identitéit ee Sujet op Radio Lëtzebuerg, dëst am Face-à-face tëscht Felix Braz a Claude Wiseler.

Face-à-face: Felix Braz vs Claude Wiseler (08.10.2018)
E Méindeg de Moie waren d'Sprooch an d'Identitéit ee Sujet op Radio Lëtzebuerg, dëst am Face-à-face tëscht Felix Braz a Claude Wiseler.
D'Sprooch an d'Identitéit spillen an der aktueller Wahlcampagne sou eng grouss Roll wéi ni virdrun. Wat sinn d'Ursaachen dofir, wéi ass et ze erklären, datt dës Thematiken an der politescher Mëtt ukomm sinn a wat gëtt konkret u Moossname proposéiert, notamment a punkto Lëtzebuerger Sprooch?

Dat war e Méindeg de Moien de Sujet am Face-à-face tëscht dem grénge Justizminister Felix Braz a dem CSV-Spëtzekandidat Claude Wiseler.

Resumé: Face-à-face tëscht Feliz Braz a Claude Wiseler



Béid Kandidate ware sech eens, dass bei enger gelongener Integratioun kee Wee laanscht d'Lëtzebuerger Sprooch féiert.

Ugeschwat op de Referendum, huet de Claude Wiseler nach eemol drop higewisen, dass et ee politesche Feeler war dëse Referendum ze maachen. Dësen hätt Diskussioune declenchéiert, wéi mer se nach ni haten.

De Felix Braz huet dat aneschters gesinn a wollt net vu Schold schwätzen. Et géife méi Grënn ginn, net nëmmen de Referendum, mä wann ee kuckt, wat an Europa geschitt, wier dat leider een Trend, dee sech an enger Rei Länner bemierkbar mécht. D'Leit géifen duerch eng Partie vun Ëmstänn déi schützend Roll vun Europa vermëssen.

Ugeschwat op d'Sprooch ass dës dem Justizminister no sou lieweg wéi nach ni. De Claude Wiseler huet betount, dass duerch di aktuell Situatioun d'Identitéitsfroen och politesch méi diskutéiert ginn. D'CSV hätt jiddwerfalls fräiwëlleg de Choix geholl déi Sujeten ze traitéieren awer net zu engem Walkampfthema ze maachen.

Wat d'Burka-Gesetz betrëfft, huet de Felix Braz nach eemol gemengt, dass d'Decisioun, kee generelle Verbuet anzeféieren, déi richteg war. Et hätt musse legiferéiert ginn, déi kommunal Reglementer wieren nämlech als gesetzlech Basis net duergaangen. De Claude Wiseler huet drop higewisen, dass eng national Reegelung logesch ass, mä déi heite Solutioun wier Realitéitsfriem. Sollt d'CSV an déi nächst Regierung kommen, géif jiddwerfalls ee generellt Burkaverbuet agefouert ginn.

Des Regierung huet gutt geschafft a mir wëllen nach eemol bestätegt ginn. Dat sot de Moien de grénge Justizminister Felix Braz am Face à Face mam CSV-Spëtzekandidat Claude Wiseler hei op der Antenne. Als Equipe wier vill realiséiert ginn a wann et nëmme méiglech wier, wéilt déi aktuell Koalitioun tëscht blo, rout a gréng um Rudder bleiwen. Dass de Premier an DP-Spëtzekandidat Xavier Bettel an engem Face-à-face op RTL Télé sot, dass hien net géif ausschléissen, ënnert engem Premier Claude Wiseler Vizepremier an Ausseminister matzegoen, huet de Felix Braz esou kommentéiert, dass e versteet, dass eng DP sech net wéilt just an enger Variant wéilt aspäre loossen. Wat Déi Gréng betrëfft, ass hien awer der Meenung, dass d'Regierungsequipe eng gutt Aarbecht geleescht hätt, an et géif een och an d'Wale goe fir bestätegt ze ginn.

De Felix Braz am Face-à-face (8/10/2018)



Ob sech e Felix Braz als Vizepremier oder Ausseminister gesäit, wollt hien net kommentéieren, just esouvill, dass weder e Xavier Bettel nach en Etienne Schneider ouni déi Gréng net kënne Premierminister ginn. Eng Schwaarz-Gréng Koalitioun wollt de Felix Braz net ausschléissen.

Den CSV-Spëtzekandidat Claude Wiseler huet e klore Constat zeréck behalen. Wann déi aktuell Majoritéit eng Majoritéit géif behalen, 31 oder 32 Sëtz, da géife se als Regierung weiderfueren. Tëscht CSV an Déi Gréng ginn et Gemeinsamkeeten am Walprogramm, et ginn awer och grouss Differenzen.

De Claude Wiseler am Face-à-face (8/10/2018)



Et géif een awer keng Koalitioun ausschléissen, ausser awer mat der ADR, huet de Claude Wiseler nach eemol betount.
Sollt eng CSV an déi nächst Regierung kommen, huet den CSV Spëtzekandidat am Face-à-face betount, dass dee Moment ee generellt Burkaverbuet agefouert gëtt.

Face-à-face: Felix Braz vs Claude Wiseler



De Face-à-face géint 10 op 8 live op Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou duerno och de Replay vun der Emissioun ze fannen ass.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.