Invité vun der Redaktioun (18. September) - Sylvain HoffmannBilan aus Siicht vu Salariatskummer fält gemëscht aus

En Dënschdeg war den Directeur adjoint vun der Salariatskummer Sylvain Hoffmann eisen Invité vun der Redaktioun.

Invité vun der Redaktioun: Sylvain Hoffmann (18.09.2018)
En Dënschdeg war den Directeur adjoint vun der Salariatskammer Sylvain Hoffmann eisen Invité vun der Redaktioun.

De Bilan aus Siicht vun der Chambre des Salariés, wat dës Legislaturperiod ugeet, fält gemëscht aus. Den Directeur adjoint vun der Salariatskummer Sylvain Hoffmann sot um Dënschdeg de Moien am RTL Interview, dass et positiv, awer och negativ Mesure goufen. Ënnert anerem huet hien d'Steierreform éischter kritesch bewäert. Et wier wuel ënnen zu Erliichterunge komm, awer och no uewen.

Sou huet den Invité vun der Redaktioun ënnert anerem bedauert, dass d'Allocations familiales ofgeschaaft goufen. D'CSL wier dogéint gewiescht, sou de Sylvain Hoffmann. Een negative Punkt wier och d'Reform vum Kannergeld gewiescht. Eng Famill mat 2 Kanner géif no der Reform 700 Euro d'Joer manner kréien. Den Directeur Adjoint vun der Chambre des Salariés huet an dem Kontext och en Adaptiounsmechanissem beim Kannergeld gefuerdert. Positiv wier iwwerdeems d'Reform vum Congé Parental gewiescht, och d'Aféiere vun den 20 Stonne gratis Kannerbetreiung.

De Sylvain Hoffmann huet donieft festgehalen, dass besonnesch bei Famille mat Kanner an de Monoparentaux de Schong nach ëmmer besonnesch dréckt. Hei kéint ee sech nach Mesure virstellen, um steierlechen a méi spezifesch och um Niveau vun den Transferten, sou wéi eng strukturell Hausse vum Kannergeld. Och misst de Mindestloun ugepasst ginn, sou nach den Directeur Adjoint vun der CSL. Et hätt ee keng konkret Fuerderung, mä et misst ee bedenken, dass de Mindestloun 10% ënnert dem Seuil vum Aarmutsrisiko läit.

Invité vun der Redaktioun: Sylvain Hoffmann



Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.