Invité vun der Redaktioun (25. September) - David WagnerD'Wunnengspolitik ass en Desaster

Wunnengen an Terrainen, déi net genotzt goufen, sollen erfaasst ginn. Eng staatlech Agence soll Proprietären hëllefe Locatairen ze fannen.

Invité vun der Redaktioun: David Wagner (25.09.2018)
En Dënschdeg war den Deputéierte vun Déi Lénk eisen Invité vun der Redaktioun.

D'Wunnengspolitik ass en Desaster, esou déi Lénk an hirem Walprogramm. An deem gëtt en 3 Punkte-Plang proposéiere fir der Logementskris Meeschter ze ginn. An déi hunn mer en Dënschdeg de Moien mam Déi Lénk Deputéierten David Wagner diskutéiert. Hien war onsen Invité vun der Redaktioun.

Virop solle Wunnengen an Terrainen, déi net genotzt goufen erfaasst ginn. Eng staatlech Agence soll Proprietären hëllefe Locatairen ze fannen.

Dernieft fuerderen déi Lénk eng progressiv Spekulatiounssteier fir ongenotzte Wunnenge respektiv Terrainen.

Domadder wieren awer net Privatleit viséiert, mä déi grouss Societéiten.

Et misst natierlech och méi gebaut ginn, mä net ze deier, ënnersträicht den David Wagner. An dowéinst muss dat vun ëffentlecher Hand geschéien an net de private Promoteuren iwwerlooss ginn.

Dernieft wëllen déi Lénk d'Locatairë verstäerkt ënnerstëtzten, mat enger nationaler Mietkommissioun an engem Mietpräisspiggel. Grad wéi nei Wunnforme wéi WG'en an Wunnengsbau-Genossenschaften.

Invité vun der Redaktioun: David Wagner



Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.