ELO AM REPLAYFace-à-face - Viviane Reding vs. Jean Asselborn

D'CSV-Politikerin an den Ausseminister an engem Gespréich, an deem d'Europapolitik dominéiert huet. De ganze Face-à-face am Replay!

Face-à-face: Viviane Reding vs Jean Asselborn (21.09.2018)
Et ass net einfach, sengem (politesche) Géigner riicht an d’Aen ze kucken. Genee dat ass de Reiz vun engem Face à Face. Also wien huet déi bescht Argumenter?


Face-à-face Reding vs. Asselborn / Resumé vum Monique Kater



"Mär blaméieren eis weltwäit"

Lëtzebuerg schwätzt mat zwou Stëmmen an der Lëtzebuerger Aussepolitik.

"Mir blaméieren eis weltwäit", sot d'Viviane Reding a nennt d'Beispill vun der Israel-Palestinenser Fro. Lëtzebuerger Ausseminister sinn, wär keen Trullalla, mee en Handwierk.

De Jean Asselborn huet gekontert an huet erkläert, wéi wichteg et ass, datt et nach Ausseministere ginn, déi sech fir d'Palestinenser asetzen.

Zolidd uneneegeroden sinn déi Zwee beim Thema Tierkei an den EU-Bäitrettsverhandlungen. Op d'Kritik vum Kuschelkurs mat der Tierkei freet sech de Jean Asselborn, ob den Här Juncker nach an der CSV ass. Den Ausseminister géif nämlech genee op der Linn vum Kommissiounspresident leien. Dat heescht d'Verhandlungen mat der Tierkei leien op Äis, mee sinn net ofgebrach.

"Rietsextreme Rassist"

Ganz op enger Linn dogéint waren eis zwee Kontrahenten, wat den Hannergrond vum Eclat vum Ausseminister mam italieneschen Inneminister Salvini  ugeet. Zum "Merde alors" sot de Jean Asselborn, et wär traureg, datt een iwwerhaapt esou misst reagéieren, mee hei hätt hie misse kloer maachen, datt et esou net kéint weidergoen. An d'Viviane Reding, wat un ähnlech Erfarungen erënnert, ka gutt verstoen, datt engem bei esou engem "rietsextremen Rassist" de Kolli platzt. De "Merde alors" wär e Symptom vun enger Saach, déi vill méi déif geet.

D'Viviane Reding freet sech, wou dat higeet a warnt virun rietsextreme Ministeren, esouguer Regierungscheffen an EU-Kommissären.

An de Jean Asselborn warnt, datt bei den Europawahlen nächst Joer, déi rietsextrem Parteien zu der zweetstäerkster Muecht am Europaparlament ginn a mécht dofir den Appell un déi "klassesch Parteien", sech mat Argumenter ze wieren. Et war och de klore Constat, datt d'Wäerter, op déi Europa opgebaut ass, lues a lues ënnert d'Rieder kommen.

An der Flüchtlingskris gëtt et fir de Jean Asselborn nëmmen eng europäesch Léisung, fir d'Viviane Reding sinn och bilateral Accorden wéi Däitschland mat Marokko a Frankräich mat Algerien eng Léisung. Si freet sech, firwat net och Lëtzebuerg esou Accorde mécht. Well dat net funktionéiert, äntwert de Jean Asselborn, fir deen dat europäesch léisbar ass.

Enger Meenung waren déi Zwee och, datt Europa an Zukunft weltpolitesch méi erwuesse muss ginn, och datt méi beim Militär méi zesummegeschafft, méi koordinéiert muss ginn, och wann de Jean Asselborn den Term europäesch Arméi, deen am Wahlprogramm vun der CSV steet, net esou glécklech fënnt.

Brexit: Kee Plang B

Wou d'Meenungen staark auserneegaangen sinn, war beim Brexit. D'CSV-Kandidatin reprochéiert der Regierung, kee Plang B ze hunn, wann et zu engem Accord tëscht EU a Groussbritannien iwwer d'Zäit nom Austrëtt kënnt. De Jean Asselborn versteet awer net, firwat elo iwwert e Plang B muss nogeduecht ginn. Et wär un der EU-Kommissioun ze verhandelen an datt d'Betriber an d'Banken längst gesot kruten, datt se sech op en sougenannten No-Deal misse preparéieren. Mee et misst alles drugesat ginn, datt et zu enger Transitiouns-Phas géif kommen.

Op méi perséinlech Froen war et d'Äntwert vum Jean Asselborn, datt hien de Poste vum Ausseminister net gepacht hätt an d'Viviane Reding huet gemengt, et wäre keng Walen iwwert den nächsten Ausseminister.

Recht huet se.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.