RTL-Wal-Tournée 2018Um Knuedler an der Stad goung et ëm den Zentrum

E Samschdeg war d’RTL-Team vun 10 bis 13 Auer an der Stad um Knuedler (Place Guillaume). Dat Ganzt elo am Replay!

Um Programm war: Table ronde, Diskussiounen, Animatioun, Musek, gutt Stëmmung an en RTL-Gewënnspill.

RTL-Wal-Tournée mam Background Spezial Walen "Zentrum" (29.09.2018)
Eng Stonn, fir hannert d'Kulissen ze kucken.


Background am Gespréich, Spezial "Walen 2018"


De Wuesstem war den Haaptsujet op der Table ronde e Samschdeg de Mëtteg um Knuedler, wou et ëm den Zentrum goung. Wuesstem a Logement, dat si grouss Erausfuerderungen, do si sech all d'Parteien eens.

D'Entwécklung vum Land begleeden, an de Wuesstem net egal wou, dat huet ee virop vun der Säit vun der CSV a vun déi gréng héieren. Fir den CSV-Deputéierte Serge Wilmes wieren d'Zones d'activités, wéi déi zu Miersch, eng Méiglechkeet, fir de Wuesstem besser am Land ze verdeelen. Da misst een d'Prozedure fir d'PAPe vereinfachen, fir datt méi séier ka gebaut ginn, sou déi blo Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer an och d'CSV. Fir d'éischt missten och de Staat an d'Gemengen de Wunnengsbau an d'Hand huelen an dofir Terraine kafen, sot d'Francine Closener vun der LSAP. Donieft misst ee méi an de Locatif investéieren.

Déi Lénk mam Ana Correira Da Veiga stelle beim Wuesstem de Steiersystem a Fro. Si setze sech fir eng gerecht Besteierung vun Investmentfongen an. Wann de Staat sech géif trauen d'Betriber an d'Fongen ze besteieren, da missten och d'Salariéë manner droen. De Roy Reding vun der ADR war do kategoresch dogéint, da géifen déi Fongen d'Land verloossen.

Bei der Table ronde ass et virop ëm d'Stad Lëtzebuerg gaangen, d'Diskussiounen hunn de Wee nëmme schwéier an déi anerer Zentrum-Gemenge fonnt. Do huet sech de Sven Clement vun de Pirate fir ee besseren ëffentlechen Transport mat manner Retarden ausgeschwat. D'Sam Tanson vun déi gréng wollt dat net esou stoe loossen, do wier an dëser Legislaturperiod scho vill dru geschafft ginn.

Resumé Table Rond Zentrum / Reportage Anne-Sophie Heck



RTL-Wal-Tournée an der Stad: Et goung ëm den Zentrum! (29.09.2018)
Wat soten déi eenzel Parteievertrieder? Hei de Resumé!


De Programm an der Stad
  • 10-12 Auer: RTL Weekend - Live um Terrain mam Patrick Greis a Mike Fandel

Kultur, Sport, Lifestyle an Invitéen: Déi labber Talk-Ronn vum Weekend hu sech dëse Samschdeg um Terrain getraff an hunn iwwert déi verschiddenst Themen diskutéiert. Gutt Stëmmung a vill Freed huet och eist RTL-Gewënnspill bruecht mat flotte Präisser, wéi eng Apple Watch oder en RTL-Bluetooth-Speaker.

  • 12-13 Auer: Background am Gespréich, Spezial “Walen 2018” mam Monique Kater a Roy Grotz

Dëse Samschdeg hunn d'Monique Kater an de Roy Grotz aus der RTL-Radio-Redaktioun de Spëtzekandidaten aus dem Zentrum op den Zant gefillt, hunn am oppenen Debat iwwert déi verschidde Punkten aus de Partei-Programmer diskutéiert an hu fir eng animéiert politesch Ronn gesuergt.

D’Invitéë vun dëser Table ronde waren: Lydie Polfer (DP), Francine Closener (LSAP), Ana Correia Da Veiga (déi Lénk), Roy Reding (ADR), Sam Tanson (déi gréng), Sven Clement (Piraten) a Serge Wilmes (CSV).


De leschte Rendez-vous vun der RTL-Wal-Tournée

6. Oktober | Süden, "Am Duerf", Diddeleng

Um Walsonndeg, de 14. Oktober si mir op RTL Télé Lëtzebuerg, RTL Radio Lëtzebuerg an RTL.lu de ganzen Dag fir Iech um Dill an halen Iech iwwer all wichteg Evolutioun am land um Lafenden.

Dir wëllt matdiskutéieren? Dann notzt op Facebook an op Twitter eisen #RTLwalen18

D'RTL-Wal-Tournée am Replay
De 15. September ware mer op der Maartplaz zu Iechternach. Do hu matdiskutéiert: Carole Dieschbourg (déi gréng), Lex Delles (DP), Adela Fuentes (déi Lénk), Françoise Hetto-Gaasch (CSV), Roby Mehlen (ADR) an Nicolas Schmit (LSAP).

RTL.lu: D'Wal-Tournée am Osten.

Den 22. September ware mir um Bottermaart zu Dikrech. D’Invitéë vun dëser Table ronde waren: Jeff Engelen (ADR), Marc Hansen (DP), Martine Hansen (CSV), Karin Meyer (déi Lénk), Romain Schneider (LSAP) a Claude Turmes (déi gréng).

RTL.lu: D'Wal-Tournée am Norden


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.