VIDEO - NeijoerschinterviewPremier Xavier Bettel ganz frou ... ma net vill Konkretes?

"D'nächst Joer kommen ech dann nees bei Iech", sot en offensichtlech extrem gutt gelaunte Xavier Bettel beim Optakt vum traditionellen Neijoerschinterview.

Neijoerschinterview mam Xavier Bettel (01.01.2018)
Dee groussen Interview vum Caroline Mart mam Premier Xavier Bettel.
Eng Analys vum Caroline Mart

Et war fir hien dee leschten Interview als Premier vun der aktueller blo-rout-grénger Regierung, egal wat Sondagen soen a wéi knapps Majoritéit ass, hien huet ferme wëlles, säi Posten ze halen: "Wien an d'Wahle geet, dee mécht dat, fir se och ze gewannen", esou de Xavier Bettel. Dat wier och de Fall fir d’Koalitiounspartner, sou dass et och normal wier, dass e Vizepremier an engem Waljoer den Usproch hätt, selwer Regierungschef ze ginn.

Op d’Ambiance ugeschwat an der Koalitioun, déi villen Observateuren no zimlech ugespaant ass,  sot hie just, e géif sech nach wéi um éischten Dag op all seng Kollege freeën.

Neijoerschinterview mam Xavier Bettel - Gebäerdesprooch (01.01.2018)
Dee groussen Interview vum Caroline Mart mam Premier Xavier Bettel och a Gebäerdesprooch.


Freed ass iwwerhaapt en zentraalt Thema fir de Xavier Bettel, mä firwat sollte Bierger hie wielen? Dass hie weider kéint Spaass um Regéieren hunn, geet jo net duer, wat bréngt e Staatsminister Bettel dem Land? Dorop gouf et grad esou wéineg eng konkret Äntwert, ewéi déi, ob et ee Projet aus de leschte 4 Joer gëtt, dee seng perséinlech Handschrëft dréit, et wiere vill Projeten an eng gemeinsam Reussite, déi wichtegst wier, dëst Land moderniséiert ze hunn, wat esou mat der CSV ni méiglech gewiescht wier. Déi sollt net nach weider zielen, si wier 2013 hannergaange ginn, mä hätt et sech selwer zouzeschreiwen, dass kee méi mat hinnen eng Koalitioun wollt agoen an och vill ze vill d'Arroganz vun der Muecht gehat.

Wat Reprochë betrëfft, de Xavier Bettel wier zwar fein, mä ouni vill Fong, sot hien: "Wann ech kee Fong hätt, wier ech ni Buergermeeschter oder Staatsminister ginn", e Muechtpolitiker wier hien awer keen, dat géing hien och net interesséieren.

E Wonsch: Méi Ministere méi beléift

D'Onrouen an der eegener Partei an der Lescht ëm d'Demissioun vum Generalsekretär wollt den DP-Spëtzemann net kommentéieren - an der Welt vum Xavier Bettel ass op d'mannst no baussen alles an der Rei souwuel an der Regierung wéi an der liberaler Famill, och wann e sech géing wënschen, dass méi vu senge Ministere méi beléift wieren.

Dass hie Vertrauensleit a Verwaltungsréit genannt huet, wier just, well se déi néideg Kompetenz hätten a wann hie kee méi dierft nennen, deen e kennt, dann hätt hien e Problem, well ee sou vill Leit géing kennen. D'Schwieregkeeten am Fonds du Logement wollt de Premier net weider kommentéieren, do géing et ëm Krankheetsfäll goen, déi strukturell Problemer vum Fong, déi wieren "geierft".

Froen zu Google a Rifkin

Och am Dossier Google weder Neies nach Konkretes, d'Press géing et gewuer ginn, esoubal et eppes unzekënnege gëtt, dass de Staat als "Facilitateur" dem Internetgigant eng Faveur gemaach huet, fir d'Terrainen zu Biissen ze kréien, huet hien net ofgestridden, wollt awer weder soen, ob d'Leit, déi d'Terraine verkafen, eng Garantie vum Staat kruten am Fall, wou den Deal platzt, nach kloer, ob de Staat Google net nach op anere Weeër entgéintkënnt, fir de Prestigeobjet ze sécheren, d'Amerikaner kéimen awer net wéinst Steiervirdeeler.

Wéi soll Lëtzebuerg wuessen? E weidert Thema am Interview.

Dass de ganzen Rifkin-Prozess an der Haaptsaach vum Wirtschaftsminister Etienne Schneider an dem Infrastrukturminister François Bausch lancéiert goufen, géing net heeschen, dass de Staatsminister sech net un der Debatt bedeelege géing. Zur Fro, wéi hien den "qualitative Wuesstem" definéiert, sot de Xavier Bettel: "Net alles unhuelen!" Firmen, déi dem Land weder Aarbechtsplazen nach Steiere bréngen, kréichen einfach Nee gesot.

Steierreform net géigefinanzéiert?

Staatsfinanzen dann, de Reproche vu Cour des Comptes, Conseil National des Finances Publiques, Chambre des Métiers, Chambre de Commerce grad ewéi der CSV- an ADR-Oppositioun, d'Regierung géing net laangfristeg genuch de Budget an Pensiounen ofsécheren, dee Reproche, wollt de Premier net gëlle loossen an huet widderholl, wat de Finanzminister an hien ëmmer nees betounen: Ouni Spuereffort am Ufank vun der Legislatur hätt een duerno weder verdeelen nach investéiere kënnen, an investéiere misst een an Zäiten vun nidderegen Zënsen. Dass d'Steierreform net géigefinanzéiert ass, a just gehofft gëtt, dass Konjunktur weider unhält, dorop ass de Xavier Bettel och net richteg agaangen. Et géing een eng Politik fir déi zukünfteg Generatioune maachen, dofir wier och den intergenerationelle Fong geschafe ginn; wéi vill Suen do schonn dra sinn wousst de Premier awer net genee.

Hausse vum Mindestloun? Keng sou gutt Iddi!

"Jo, d'Schéier tëscht Räich an Aarm geet ëmmer méi wäit auserneen, dat beleeën d'Zuelen"," war eng aner Ausso, dës Regierung géing awer léiwer iwwert de Wee vu Saachleeschtungen deenen hëllefen, déi sozial méi schlecht dru sinn, eng Hausse vum Mindestloun, fënnt de Xavier Bettel, dofir och keng gutt Iddi, verschléisst sech awer kenger Diskussioun esoulaang fir d'éischt den ekonomeschen Impakt vun enger Hausse géing gepréift ginn.

Wat déi Privilegiéiert am Land betrëfft an den ëmstriddene Regime vun de Stock Options, sou huet de Premier widderholl, de Finanzminister hätt "geraumt", wéi den Taux vun 13 op 21 % eropgesat gi wier, a verteidegt, dass et entgéint deem, wat de Pierre Gramegna nach am Summer selwer annoncéiert hat, via Circulaire an net iwwert e Gesetz gemaach gouf: "Dat wier ebe méi séier".

Wéi vill Beamte vun den am Ganzen 2.750, déi zanter 2015 ugekënnegt goufen, sinn effektiv nei beim Staat agestallt ginn?

Och do war et net ganz präzis, si wieren all agestallt ginn, war déi éischt Äntwert; op d'Réckfro, dass dat net esou wier, sot de Premier, dass et awer op d'mannst 600 an der Educatioun Nationale dëst Joer waren an och vill bei der Police, e funktionéierende Staat bräicht genuch gutt Beamten.

CGFP: Keng Bonbonen einfach esou, sou de Premier

Dass d'Staatsbeamten net zefridde sinn, war en anert Thema, mä ob d'80-80-90 Stagereegel ofgeschaaft gëtt, wollt de Xavier Bettel net soen, dat misst a Concertatioun mat der CGFP verhandelt ginn, wéi wäit d'Regierung hir an engem Wahljoer entgéintkomme wäert, wollt hien och net soen, ausser dass net einfach esou Bonbone géife verdeelt ginn.

Educatioun: Wichteg awer onpopulär Reformen

D'Enkpäss mat Personal an der Schoul wieren net dem Minister seng Schold, de Claude Meisch hätt de Courage gehat, all déi wichteg Reformen unzegoen, och wann hien dat net géing populär maachen. Gett villäicht no de falsche Critèrë gepréift beim Proffen-Examen? Op kee Fall dierft den Exame méi liicht gemaach ginn, war d'Äntwert, ëm d'Critèrë géinge sech Experte këmmeren. D'Schoulreformen hätten net zu enger Schoul "à la Carte" gefouert, mä déi méi grouss Autonomie vun den eenzelne Lycéeë géing et elo ville Jonken erlaben, hir Schoul ze packen, déi am ale System keng Chance haten. Dass de Beruff vum Enseignant net attraktiv genuch ass, géing och dorunner leien, dass de Proffen a Schoulmeeschteren hir Aarbecht net genuch unerkannt géing ginn, och déi, déi se nieft dem Schoulhale misste maachen.

Thema Sproochen an do d'Lëtzebuergescht

Et braucht keen eng Wiel ze treffen tëscht Multilinguismus an onser Sprooch, mee d'Lëtzebuergescht wäert awer vill méi konsequent gefërdert ginn, de Staatsminister sot awer net, dass si virdru vernoléissegt gouf. Et wier och keng Wahl-Taktik, een Thema ze besetzen, dat bis elo zemools eng CSV an eng ADR als Kär-Themen haten.

Lëtzebuerg extra ervirsträichen gëllt och an der Kultur, nach sinn awer weder déi National Galerië fir Artisten an der Ënneschtgaass oder eng reegelrecht "Education à la culture", déi ugeduecht sinn, sprochräif.

Europa: kompetitiv, legal, moralesch ... sinn/ginn/bleiwen

Dat lescht grousst Thema am Interview war Europa, wou et an der Lescht jo zu zimlech fraschtegen Echangen tëscht dem Xavier Bettel a sengem Virgänger an aktuelle Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker koum, zemools wat eng méi streng Besteierung vun de groussen Internetfirmen betrëfft. "Mir drécken net op d'Brems", sot de Xavier Bettel, hie wéilt just déiselwecht Konditiounen iwwerall a verhënneren, dass Firmen op London oder an d'USA ofwanderen, well se do besser Konditioune gebuede kréien.

Gefrot, wou dann d'Grenz no ënne wier bei dem internationale Steierdumping, sot de Xavier Bettel, et wier keng Course, ass awer direkt nees op d'Argument vum "level playing field" zeréckkomm an dass de Brexit an d'Konkurrenz vu London eng grouss Gefor wier, där ee sech misst bewosst sinn. Dass et haut och net méi just drëm geet, an der Debatt ëm Steiergerechtegkeet, wat legal ass, mä och ëm d'Fro, wat moralesch ass, do sot de Xavier Bettel net nee, huet awer och do direkt nees betount, dass Europa sech net selwer schwächen dierft a misst u sech an dem Beräich eng gemeinsam Positioun hunn a kucken, kompetitiv ze bleiwen.

2018 ass e Waljoer, de Staatsminister erhofft sech virun allem fair Wahlen, de Programm vu senger Partei der DP, steet virop am Zeeche vu Famill a Fräiheet, un de Politiker wier et, de Kader ze setze fir de Bierger hir Fräiheet, awer op kee Fall hinne virzeschreiwen, wéi si ze liewen hunn.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.