RTL Télé LëtzebuergUndercover-Reportage iwwer illegal Glécksspiller a Caféen

Illegal Glécksspiller an de Caféen: E Milieu, an deen eng Equipe vum Top Thema Magazin agedaucht ass an Undercover recherchéiert huet.

Top Thema Undercover: illegal Glécksspiller an de Caféen (20.04.2016)
A leschter Zäit sinn an ëmmer méi Caféen hei am Land orange Internet-Bornen opgestallt ginn, op deenen een am Internet ka surfen.

U sech näischt Aussergewéinleches, wann et tatsächlech just em Internetsurfe géif goen. Ma dës Borne funktionéiere gläichzäiteg och als Gléckspiller, wou de Client bor Suen ageheit an där och nees gewanne kann. Eppes, wat zu Lëtzebuerg awer kloer verbueden ass, wéi de Luc Schaack - Jurist spezialiséiert am Spillrecht - erkläert.

Wien u Glécksspiller denkt, denkt wuel éischter un de Casino ewéi un en Duerfcafé. An dach: Och an de Cafée gëtt, wéi et schéngt, ëmmer méi fir Sue gespillt. Fir déi eng renge Spaass an Hoffnung op e Gewënn ... fir anerer e finanziellen Ënnergang. A fir verschidde Geschäftsleit a Caféen e richteg lukrative Business, e Moyen fir sech enorm ze beräicheren.

An de Caféen uechtert d’Land gesäit een ëmmer méi där sougenannten Internetbornen – hannert deene sech Glécksspiller verstoppen. Erstaunlech, wann ee weess, dass dat eigentlech komplett illegal ass!

Spiller, wou ee Suen oder soss iergenden anere Gain erauszéie kann, si laut Gesetz strengstens verbueden. D’Realitéit gesäit awer anescht aus: Sue fléissen ënnert an iwwert de Comptoir. Schwaarzgelder ... Steierhannerzéiung am Milliouneberäich!

Eng Equipe aus der "Top Thema Magazin"-Redaktioun ass an de Milieu vun de Glécksspiller agedaucht an huet mat verstoppter Kamera Undercover recherchéiert. Wie stécht hannert dëse Maschinnen? Wéi funktionéiere se? A mat wat fir Reegele gëtt an dësem Milieu gespillt? Si decken dat Ganzt elo op.

UPDATE: Keng Reaktioun vu Police, dofir vum Minister

D’Police wollt keng Stellung huelen zum Sujet, dofir reagéiert awer den Etienne Schneider, deen och drun erënnert, datt vrun engem Joer de Parquet via Communiqué schonn op d’Problematik opmierksam gemaach hat. D'Police hätt duerno och eng Rei Exploitanten dorobber higewisen, dass dat net geet, an datt bei enger Recidive d'Material ka saiséiert ginn. D'Police mécht och weider Kontrollen an deem Beräich.

Den Etienne Schneider


 

D'Equipe vum Top Thema Undercover um Plateau (20.04.2016)
No der Diffusioun vum Reportage iwwert d'Internetbornen an de Cafée woren d'Deborah Ceccacci an den Dan Wiroth um Plateau, fir iwwert hir Enquête ze schwätzen.


21/04/2016 Top Thema Undercover iwwert illegal Glécksspiller
D'Equipe vum Top Thema Undercover schwätzen beim Marie Gales am Studio iwwert hir Enquête.



Illegal Glécksspiller an de Caféen: Reaktiounen (21.04.2016)
Et goung jo ëm Glécksspiller a Caféen, déi als Internetborne getarnt, Borgeld unhuelen an och ausbezuelen, obwuel dat zu Lëtzebuerg strikt verbueden ass.


 

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.