285 Kierchefabrike ginn opgeléistSyfel unanime dogéint, CSV ënnerstëtzt Refus vu Gesetzprojet

D'kathoulesch Kierch huet séier op den Inneminister reagéiert a sech virun allem doru gestéiert, datt d'Gemenge verbuede kréien, de Kierchen ze hëllefen.

E weidere Schrëtt an der Trennung vu Kierch a Staat (05.08.2016)
Bis Abrëll 2017 sollen allen 285 Kierchefabriken opgeléist ginn. Bis dohin mussen d'Besëtzverhältnisser gekläert ginn. De Gesetzprojet ass um Instanzewee.

De Bistum an de Verband vun de Kierchefabrécken kréien Support vun der Oppositioun, wann et ëm de Refus vum Gesetzprojet geet.
 
Wéi et e Sonndeg vun der CSV heescht, géif dee Prestigeprojet vun der Majoritéit d'Strooss net halen, wëll en inkohärent a kontradiktoresch wier.

Den Text géif op enger Basis stoen, déi rechtlech net gekläert wier. Mam Verbued, datt Gemengen an Zukunft den Ënnerhalt vu Kierchegebaier solle kënnen cofinanzéieren, wier d'Erhalen an d'Fleeg vun dësem wichtegen Deel vun eisem kulturellen Patrimoine a Gefor seet ee bei der CSV.
Et freet ee sech bei der Oppositioun och, op dëst net e flagranten Verstouss géint d'Gemengenautonomie wier – dës Fro soll de Staatsrot klären, notamment op den Text net géint d'Verfassung an deem Punkt verstéisst.
 
Weider dann freet sech d'CSV op de Bistum iwwerhaapt rechtlech mandatéiert war, fir d'Konventioun mat der Regierung auszehandelen, déi zejoert ënnerschriwwe gouf a wou de Bistum hätt missen ënner Drock handelen. Des Konventioun ass jo elo d'Basis vum neien Fong an deen d'Kierchegebaier sollen afléissen, wann se dann net vun de Gemengen iwwerholl ginn.

De Syfel, den Daachverband vun de Kierchefabriken hei am Land ass unanime géint de Gesetzprojet, wéi e vum Inneminister virgestallt gouf. Dëse gesäit jo vir, dass déi 285 Kierchefabriken bis d'Fréijoer d'nächst Joer all opgeléist ginn. Déi aktuell Konten a Propriétéiten ginn an een neien Fong iwwer, deen ënnert dem Statut vun enger Fondatioun vum Bistum geréiert gëtt. Fir dass de Projet nach an den Delaien bis den 1. Januar duerchgeet, freet den Inneminister d'Urgence beim Staatsrot un.

E Freideg den Owend kruten d'Kierchefabriken de vill diskutéierten Gesetztext vum Bistum an enger mouvementéierter Versammlung presentéiert. An do war de Refus unanime, wéi de Vize-President vum Syfel, de Marc Linden am am RTL-Interview sot. Et géif een dat net einfach mat sech gewäerde loossen, mä et géif ee sech wieren. Et wier nach net ze spéit dem Gesetzprojet entgéint ze wierken.

Den Interview mam Marc Linden vun der Syfel



Gefuerdert gëtt nach ëmmer eng fundamental Reform a Moderniséierung vun de Kierchefabriken an zwar am Dialog mat all de Bedeelegten, wéi sech dat fir Verhandlungen an engem demokratesche Rechtsstat gehéiere géif.

Marc Linden, Vizepresident Syfel (06.08.2016)
Marc Linden, Vizepresident Syfel

1500 Leit schaffe bénévol fir d'Kierchefabriken.


 
Et géif een sech net virun e Fait Accompli stelle loossen, mä entspriechent juristesch Schrëtt ënnerhuelen, fir dësem Gesetztext entgéint ze wierken. Wat genee dat soll sinn, huet de Marc Linden e Samschdeg de Mueren awer opgelooss a gemengt, datt hei nach géif en Embargo drop leien.

© RTL Télé Lëtzebuerg/Luc Rollmann


E Freideg gouf Kloerheet geschaf, wat d'Zukunft vun de Kierchefabriken ugeet.

Déi 285 Kierchefabrécken am Land gi bis d'Fréijoer d'nächst Joer alleguer opgeléist an all d'aktuell Konten a Propriétéiten ginn an e neien Fong iwwer, deen ënnert dem Statut vun enger Fondatioun vum Bistum geréiert gëtt.

Begleet gëtt dee Schrëtt vun engem Gesetzprojet, deen d'Regierung virun der Summerpaus ugeholl huet a wouranner fixéiert gëtt, wien de Proprietaire vun enge ronn 500 Kierchegebaier am Land ass: Dat kann den neie Fong sinn oder awer d'Gemeng, déi dann natierlech fir den Ënnerhalt vun deem Gebai muss suergen - Gemengen, déi jo zanter Ugangs vum Joer keng Paschtéieschhaiser méi mussen zur Verfügung stellen an och entbonne sinn, fir en eventuellen Defizit vun enger Kierchefabrik mussen z'iwwerhuelen.

Gesetzprojet Kierchefabriken: Rep. Roy Grotz



© RTL Télé Lëtzebuerg/Luc Rollmann


An de Gemenge lafen den Ament d'Verhandlunge mat de Fabriques d'Églises, fir d'Prioritéits-Statuter ze klären. D'Fro un den Inneminister Dan Kersch, ob et net awer schwiereg ass, als eng Entitéit ze verhandelen, déi wäert ofgeschaf ginn? Dee gesäit dat net esou komplizéiert, well eng Kierchefabrik en Établissement public wier, dat engem Dekret vun 1809 no vu 5 bis 9 Notable geréiert gëtt - an déi géifen eben elo en Établissement geréieren, deen net méi existéiert, wann d'Gesetz bis gestëmmt ass, dofir kréiche se elo d'Méiglechkeet, zesumme mat der Gemeng ze decidéieren, ob d'Kierch, déi se verwalten, beim Fonds wäert sinn oder bei der Gemeng. "Dat ass awer näischt Onméigleches."

Den Dan Kersch



Den Inneminister hofft, datt iwwerall propper Léisunge fonnt ginn, am Fall vun Desaccorden huet d'Gesetz verschidden Demarchë virgesinn.

Exceptioune sinn am Gesetz fir d'Kathedral an d'Iechternacher Basilika virgesinn, wou esouwuel d'Gemengen wéi och de Staat sech kënne finanziell ëm den Ënnerhalt vun dëse Gebailechkeete këmmeren.

© RTL Télé Lëtzebuerg/Luc Rollmann


Ronn eng Stonn, nodeems den Inneminister Dan Kersch d'gesetzlech Grondlag fir de geplangte Kierchefong virgestallt huet, huet de Generalvikar Leo Wagener reagéiert.

Kierchefabriken: De Generalvikar Leo Wagener am Interview (05.08.2016)
Wat seet d'Kierch zum Projet de loi vum Inneminister iwwer d'Zukunft vun de Kierchefabriken an hire Besëtz.


De Gesetzestext wäert dem Bistum no eng ganz Partie Erklärunge matbréngen, déi nëtzlech sinn, wäert awer och bei de Gemengen an innerhalb vun der Kierch vill Kritiker begéinen.

Net nëmmen eng Kritik, mä e kompletten Desaccord gesäit de Leo Wagener am Verbuet vum kommunale Co-Finanzement zum Erhale vun de Kierchen, déi am Besetz vum Fong sinn. Dës Konventioun wier lo och nach verschäerft ginn: De Fong kritt verbueden, Suen vun de Gemengen unzehuelen.

Dem Leo Wagner no géif dat géint d'Gemengenautonomie verstoussen. De Minister wier awer net vun der Interdiktioun erofzebrénge gewiescht.

De Leo Wagener



Datt d'Gemenge keng Obligatioune méi vis-à-vis vu Kierchen hunn, déi hinnen net gehéieren, wier acceptabel, mä datt se net dierften hëllefen, hire reliéisen an kulturelle Patrimoine ze erhalen, deen zu hirem Duerf a Quartier gehéiert, verstéisst dem Bistum no géint d'Gemengenautonomie.

De Bistum an d'Pläng fir d'Kierchefabriken: Cl. Kollwelter



De Generalvikar Leo Wagener.© Claudia Kollwelter


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.