Men at work (II): Eng nei Bréck iwwert d'Uelzecht

An Zukunft solle 4 Gleiser vun dëser Säit hier an d'Stater Gare eraféieren: 2 aus Richtung Elwen an 2 aus Richtung Waasserbëlleg.

Kuckt een um Verluerekascht vum Sofitel erof op de Chantier vun der CFL - dohin, wou den neie Viaduc iwwert de Biisser Wee un d’Gleiser vun der Stater Gare ugeschloss soll ginn -, da fillt ee sech automatesch un e "Wimmelbuch" erënnert: Männer mat faarwegen Helmer an orangë Sécherheetsveste stinn op engem Gerüst, zéie Schläich a béie Metallstécker.

Ënnen am Lach rappt e Marteau-piqueur de Fiels op, 2 Baggere schëppen d’Gestengs ewech, niewendru steet eng déck Maschinn, fir Lächer an eng Wand ze dreiwen an iwwert der ganzer Zeenerie dréit sech grad e Kran. Verstäerkt gëtt de "Wimmelbucheffekt" doduerch, dass de Chantier 15 Meter déif ass - esouguer den Zuch, dee grad aus Richtung Norde laanscht d’Baustell an d’Gare erafiert, wierkt do just wéi e Märklinspillzuch.
 
Hei gëtt deen hënneschten Deel vun deem Tunnel verbreedert, duerch deen d’Gleiser vum Nordkapp vun der Stater Gare ënnert dem Parking vun der Rocade an dem Sofitel erduerch verlafen. Dofir huet missen en Deel vum Boulevard d’Avranches verréckelt ginn, de Verkéier leeft elo iwwert eng provisoresch Bréck.

Et ass genee hei, wou deen neien, een zweete Viaduc iwwert d’Uelzecht (tëscht dem Plateau vun der Rumm an dem Verluerekascht) ukomme soll, dofir och d’Verbreederung vum Tunnel. Wann de Chantier bis 2018 ofgeschloss ass, solle 4 Gleiser vun dëser Säit hier an d’Gare eraféieren: 2 aus Richtung Elwen an 2 aus Richtung Waasserbëlleg.

Nach steet déi nei Zuchbréck net, mä fir ze gesinn, wéi d’Aarbechte viruginn, geet et fir d’éischt emol d’Chantierstrapen erof op e Fielsvirsprong - do, wou och den ale Viaduc vun der Polvermillen opläit. Den Nicola Palmirotta mécht eng gro Metalldier - sou, wéi et der op alle Chantieren am Land honnerte ginn - op a mir verschwannen an enger groer Hal, vun där hirer Existenz een näischt matkritt, wann ee mam Auto uewen iwwert de Boulevard d’Avranches fiert.

Eng Bréck entsteet

D’Piliere vun deem neie Viaduc - dee parallel zu deem alen verlafe wäert - sti schonn am Dall, mä den Iwwerbau feelt nach komplett.

Mir stinn also am hënneschten Deel vun deem Atelier, an deem den neie Viaduc zesummegebaut gëtt. Et ass daghell, opwuel mir bannena sinn an d’Schweessapparater maache Kaméidi. Den Nicola Palmirotta erkläert, dass déi eenzel Bréckemoduler ze grouss sinn, fir fäerdeg gebaut ugeliwwert ze ginn.



Dofir gi just déi eenzel metalle Striewe mam Camion bis op de Verluerekascht bruecht, hei hieft dann e Kran se erof an den hënneschten Deel vum Atelier. Do gi se zu Moduller zesummegeschweesst an da mat engem Piston an de viischten Deel gedréckt, fir do ugestrach ze ginn. Während den éischte Module ugestrach gëtt, gëtt ugefaangen, en zweete Module zesummezeschweessen a mat deem éischten ze verbannen. Wann dat fäerdeg ass, ginn déi zwee Moduler gedréckt, deen éischte Modul rutscht esou lues a lues aus dem Atelier eraus iwwert den Dall a Richtung éischte Pilier vun der Bréck. Hannert deem 2. Module gëtt ugefaangen, den 3. zesummezeschweessen.

Esou wiisst d’Bréck no an no iwwert den Dall vun der Uelzecht a kënnt um Plateau hannert der Rumm un.

Wéi Lego

"Et ass ewéi Lego", seet den Nicola Palmirotta an dobäi vergësst ee bal, wéi zäitintensiv de Bréckebau ass: D’Usträiche brauch 5 Deeg, d’Uneneeschweesse vun engem Module bis zu 2 Méint. Bis Mëtt 2015 dauert et, bis de kompletten Iwwerbau op senger Plaz ass.

Fir den Nicola Palmirotta ass dëse Chantier dann och bis elo dee gréissten a senger jonker Carrière als Bauingenieur bei den CFL. Virun allem d’Kombinatioun aus Tunnel a Bréck ass eng Erausfuerderung.



Dobäi besteet d’Baustell streng geholl esouguer aus 3 Deeler. Hannert dem ale Viaduc an do, wou d’Gleiser vun deem neien herno och ugeschloss ginn, nämlech um Perré laanscht d’Vëlospist am Biisserwee, musse Stabiliséierungsaarbechte realiséiert ginn. De Chantier stéisst um Stéck hannert dem Viaduc un dee vum Ramiro (méi doriwwer am 1. Reportage) an deemno ass d’Problematik genee déi nämmlecht.

D’Stréck ass 150 Joer al an haut anere Konditiounen ausgesat wéi fréier: Méi séier a méi schwéier Zich, déi méi dacks am Dag fueren. Deemools gouf de Perré mat Material opgeschott, wat uewen aus dem Fiels geschloe gouf, fir d’Gleiser kënnen ze leeën. Dat Material ass den heitegen Uspréch net méi sou gutt gewuess, um Perré selwer gesäit een, wéi dat opgeschotte Material sech ënnert dem Drock vun de Schinne verréckelt huet. En vue vun deem Gleis, wat bäigeluecht soll ginn, muss dofir de Perré befestegt ginn.

Dofir gëtt als éischt d’Vëlospist mat Pieuen, dat sinn déif Lächer, déi an de Fiels gegruewen a mat Beton opgeschott ginn, befestegt. Dono ass de Perré drun.

Logistik bäi dësem Chantier grouss Erausfuerderung



Eng aner Erausfuerderung fir den Nicola Palmirotta ass d’Logistik, et muss gekuckt ginn, fir d’Stécker fir d’Bréck uliwweren ze loossen, ouni de Verkéier um Boulevard d’Avranches ze vill ze stéieren.

Nach méi komplizéiert ass et, d’Material an d’Maschinnen, déi gebraucht ginn, fir de Perré ze befestegen, op d’Plaz ze kréien. Et gëtt keen direkten Accès iwwert eng grouss Strooss. En Deel vum Material gëtt vum I.N.S. mat engem Kran direkt op d’Zuchstreck gehuewen. D’CFL hunn awer och dovu profitéiert, dass d’Streck bis op Sandweiler souwisou bis den 29. Juli gespaart ass an do och keng Schinne leien. Doduerch war et méiglech, e groussen Deel vum Material mat Camionen iwwert dee Wee erbäizebréngen. A wann da bis d’Maschinn, fir Pieuen an de Perré ze dreiwen - déi gréisst aus Europa -, ukënnt, gëtt eng Ramp vum Biisser Wee erop bis op de Perré gebaut.

Bis den 29. Juli ass d’Zuchstreck gespaart, dono sinn all déi Aarbechten erleedegt, déi direkt an der Geforenzon leien - d.h. do, wou d’Aarbechter sou no beim Gleis schaffe mussen, dass et fir si kéint geféierlech ginn, wann en Zuch laanscht fiert. Mä och wann d’Zich nees fueren, geet et awer mat den Aarbechten, notamment mam Befestege vum Perré, weider.

2018 dann soll de Chantier ganz fäerdeg sinn. "Bis elo", seet den Nicola Palmirotta, "muss den Zuch vu Waasserbëlleg och waarden, wann den Zuch aus dem Éislek Verspéidung huet, an ëmgedréit." Wa bis déi zwee Viaducen a Betrib sinn, sinn d’Gleise vun deenen zwou Strecke komplett vunenee getrennt a Verspéidung op där enger Linn huet keen Afloss méi op déi aner.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.