Wat SaachenWest Ham schreift den Numm vum eegene Spiller falsch

De Marko Arnautovic ass ewéi gewinnt mam Trikot mat der Nummer 7 op den Terrain gaangen, allerdéngs war säin Numm falsch geschriwwen.

© twitter/Uber West Ham
Amplaz vum "a" stoung een "o" um Trikot vum Éisträicher. Den Arnautovic huet an der Partie géint Bournemouth esouguer duebel getraff a war domat de beschte Mann um Terrain vun der Equipe aus der englescher Haaptstad.

Eleng an de leschte 5 Matcher huet hie 5 mol getraff.