Wien huet dann elo gewonnen?DNA-Test muss festleeën, wiem de Lotterie-Billjee gehéiert

Een DNA-Test muss an Thailand iwwer ee Lotto-Gewënn vu enger ëmgerechent ronn dräivéierels Millioun Euro entscheeden.

© afp

Et streide sech wuel een Enseignant an ee fréiere Polizist ëm de Gewënn. Een DNA-Test soll elo fir Kloerheet suergen. Den Enseignant ass de Meenung, dass de Gewënn him zousteet, well et säi Billjee wier, allerdéngs huet hien dëse verluer. Fonnt an ofginn huet de Billjee allerdéngs den 62 Joer ale Polizist, deen de Gewënn elo fir sech beusproche wëll.              

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.