"Onkloer, net witzeg, läschen"Yiannopulos-Memoirë verëffentlecht - mat Notize vum Editeur

Dem fréiere Breitbart-Journalist seng Memoirë sinn den Ament Sujet vun enger Enquête. An deem Kader sinn dem Editeur seng Notizen un d'Ëffentlechkeet komm.

© afp
En ass an den USA ee vun deene bekanntste Rietspopulisten a war bis virun engem Joer reegelméisseg an Talkshowen an Diskussiounsronnen ze gesinn - bis en 2016 mat enger vu sengen Äusserungen e Schrëtt ze wäit gaangen ass. Zanterhier huet de Milo Yiannopulos no engem Wee gesicht, nees an d'Ëffentlechkeet ze kommen.

Dëst schéngt him elo gelongen ze sinn, wann och wahrscheinlech net op déi Aart a Weis, déi e sech virgestallt hat. Seng Memoirë mam Titel "Dangerous" sollte vum Verlag "Simon & Schuster" publizéiert ginn, mä nodeems den Auteur ze kontrovers gi war, huet de Verlag de Projet fale gelooss. De Yiannopulos huet dogéint geklot an d'Entscheedung vum Verlag als "opportunistesch" a "politesch motivéiert" denoncéiert.

"Simon & Schuster" mussen elo viru Geriicht beweisen, dat si gutt Grënn haten, "Dangerous" net ze publizéieren. Aus dësem Grond hu si dës Woch d'Buch mat den Notize vum Editeur als Beweismaterial un d'Geriicht weider ginn. Déi liese sech souwuel erschreckend, wéi och erschreckend witzeg. Iwwer déi ronn 200 Säiten vum Buch gëtt dem Editeur Mitchell Ivers seng Frustratioun ëmmer méi däitlech.

Ufanks sinn dem Ivers seng Umierkungen nach relativ neutral: "Schreif eppes wéi dat hei - just e bësse manner egozentresch". Mä nodeems den Editeur sech duerch Kapitel mam Titel "Firwat mech elle Leit haassen", "Firwat mech Feministinnen haassen" an "Firwat mech aner Homosexueller haassen" huet musse kämpfen a Passagë wéi "De Succès vu menge Manifestatioune läit u mengem gottgläichen Ausgesinn, menger charismatescher Aura a mengem legendäre Geescht" aus dem Yiannopulos sengem Buch huet mussen iwwer sech ergoe loossen, hat seng Gedold däitlech nogelooss.

E Passage, an deem de Yiannopulos dozou oprifft, lesbesch Fraen aus akademesche Beruffer auszeschléissen, kommentéiert den Ivers just nach mat "DELETE UGH." Wéi dat zoustännegt Geriicht dëst neit Beweismaterial aschätzt, weist sech dann an den nächste Wochen ...