1,60 Meter DuerchméisserBäcker-Federatioun huet gréisste Kinnekskuch presentéiert

1,60 Meter Duerchméissern an an der Mëtt huet en natierlech en Tram. Esou huet d'Bäcker-Federatioun de gréisste Kinnekskuch vu Lëtzebuerg presentéiert.

Dee Kuch gouf um Mëttwoch de Mëtteg um 15 Auer beim neie Funiculaire bei der Rouder Bréck um Kierchbierg virgestallt.

Den éischte Bierger vum Land huet dierfe uschneiden an fir d'éischt kruten d'Kanner aus der Grondschoul Klausen a Stéck z'iessen. Scho fir déi 19. Kéier gëtt dës "Galette des Rois" no traditionellem Rezept gebak a presentéiert. Fir d'Federatioun eng gutt Reklamm fir d'Bäcker-Handwierk a seng Qualitéit.

Gréisste Kinnekskuch vu Lëtzebuerg (03.01.2018)
D'Bäcker-Federatioun huet um Mëttwoch hiert d'grousst Wierk virgestallt.

Onkommentéiert Videomaterial



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.