Lëtzebuerger am AuslandDe Patrick Arendt ass eenzege agedroene Lëtzebuerger am Panama

Iwwerall op der Welt trëfft ee Lëtzebuerger, déi en neit Liewen baussent dem Grand-Duché ufänken.

Sou nodeems mir virun kuerzem bei enger Lëtzebuergerin am Costa Rica op Besuch waren, geet d’Rees haut an de Panama. Am Nopeschland vum Costa Rica huet de Patrick Arendt seng zweet Heemecht fonnt.

Op senger Mëttelamerika Rees hat de Christian Schmit och dee Personnage kenne geleiert, deen och am Tourismus aktiv ass.

Lëtzebuerger am Panama/Reportage Christian Schmit


De Patrick Arendt ass och ee vun deenen, déi sech am Ausland en neit Standbeen opgebaut hunn. Mat Lëtzebuerger Fändel am Grapp a Panama-Hutt begréisst deen eis zu Panama City, an da geet et och scho gläich op Sightseeing Tour.

Op der enger Säit eng modern Metropol mat Héichhaiser souwäit ee kucke kann, an op der anerer eng Alstad, déi sech schéin erausfiizt huet, an net fir näischt zum  UNESCO Patrimoine Culturel Mondial zielt.

Eise Lëtzebuerger huet sech op individuell ofgestëmmten Tourismus spezialiséiert!

An de Panama huet och mat senge Nationalparken an Draminsele méi ze bidden wéi just den impressionanten Panama-Kanal. Et ginn nach 3 verschidden Indianer-Stämm.

Wéi kënnt een als Lëtzebuerger drop sech am Panama néier ze loossen, majo well hien wéint der Passioun um Tauchen. Am Ufank war et net einfach, fir sech dohanne néierzeloossen, well ouni spuenesch gëtt et komplizéiert, besonnesch wann et ëm esou Saachen wéi Openthaltsgenehmigunge geet. Mee mëttlerweil huet hie seng Casita, e klengt Haus, an ass am Moment d’ailleurs och deen eenzegen enregistréierte Lëtzebuerger am Panama.

Vun Déifferdeng iwwer d’Musel an de Panama, awer trotzdem och nach ëmmer regelméisseg zu Lëtzebuerg. Elo am Januar war dat nach de Fall op der Foire-Vakanz op der Luxepo. Vläicht hat hien iech jo do och Appetit op seng nei Heemecht a Mëttelamerika gemaach.

Deem Land, wou tëscht der Karibik an dem Pazifik grad mol 80km leien, Panama!

Och an där Serie: D'Claudine Rousseau-Ricco ass virun 9 Joer a Costa Rica geplënnert

Lëtzebuergerin am Costa Rica



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.