VIDEO-ReportageEng Naschtkëscht fir d'Villercher bauen

An enger Etüd vun der Universitéit Exeter gouf elo erausfonnt, datt Leit, déi um Land liewen, méi glécklech sinn, wéi déi an de Stied!

Eng Naschtkëscht fir d'Villercher bauen (26.04.2018)
An enger Etüd vun der Universitéit Exeter gouf elo erausfonnt, datt Leit, déi um Land liewen, méi glécklech sinn, wéi déi an de Stied!
Ausléiser dovu sollen déi kleng Villercher sinn, déi grad elo am Fréijoer erëm ganz aktiv sinn an herrlech schéi sangen an zwitscheren.

Dës natierlech Geräischer wierken net nëmme berouegend, mä solle mat de Grond sinn, firwat Leit vum Land manner dacks Depressiounen hunn. Déi Villercher sinn elo erëm op Wunnengssich a bauen hier Näschter. Allerdéngs ass et fir si guer net sou einfach, fir am urbane Raum eng gutt Plaz fir hier Eeër ze fannen. Wéi een hinnen eng sougenannten Naschtkëscht selwer baue kann, krut d'Violetta Caldarelli am "Haus vun der Natur" gewisen.

A wann dir elo Loscht kritt de klenge Villercher en Haischen ze bastelen, da kritt Dir am Haus vun der Natur och Broschüre mat Baupläng vu verschiddene Modeller vun esou Naschtkëschten.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.