Dageshoroskop vum 25/01/2017

Widder - 21. Mäerz bis 20. Abrëll
Opgepasst et ass Krisestëmmung! Onstëmmegkeete mat Frënn oder Partner kéinten haut zum Eclat féieren. Haalt Iech e bësse op Distanz.

Stéier 21. Abrëll bis 20. Mee
Haut wëllt Dir partout net gestéiert ginn, Dir tankt Energie a stabiliséiert Är Psych. Beschte Programm dofir ass Yoga oder Mediatioun.

Zwilling 21. Mee bis 21. Juni
Är Liewensloscht gëtt haut grouss geschriwwen, Genoss a Spaass, dorëms geet et haut an am Beschte maacht Dir dat mat Kollegen zesummen.

Kriibs 22. Juni bis 22. Juli
Rechent mat Iwwerraschungen an och, dass domat grouss Changementer verbonne sinn. Blockt awer net of, well op laang Siicht profitéiert Dir dovun.

Léiw 23. Juli bis 23. August
Haut kënnt Dir schwiereg a lästeg Aufgaben op de Punkt bréngen. Am Beschte maacht Dir Iech direkt moies fréi eng Lëscht vu wichtege Saachen.

Jongfra 24. August bis 23. September
An der Partnerschaft kann et haut méi komplizéiert ginn, well de Wonsch op Gebuergenheet mat engem Besoin no Fräiheet kollidéiert.

Woo 24. September bis 23. Oktober
Dir hutt nach ëmmer ganz wéineg Energie, maacht nëmmen dat Néidegst a genéisst virun allem e relaxe Feierowend ouni Stress.

Skorpioun 24.Oktober bis 22. November
Haut steet Är Gesondheet am Mëttelpunkt. Maacht e Konditiounscheck an duerno en neie Fitnessplang. Och fir e Regime ginn d'Stäre gréng Luucht.

Schütze 23. November bis 21. Dezember
An der leschter Rei stoen ouni bemierkt ze ginn, schmaacht Iech haut guer net. Leider sidd Dir der immens schei a musst selwer iwwert Äre Schiet sprangen.

Steebock 22. Dezember bis 20. Januar
Och haut hutt Dir mat Ärer Schietsäit ze kämpfen. Versicht emol guer net fir d'Problemer ewech ze laachen, acceptéiert einfach dat, wat kënnt.

Wassermann 21. Januar bis 19. Februar
Wann Dir stur reagéiert, schued Dir Iech just selwer, haut musst Dir virun allem op der Aarbecht flexibel sinn, soss verbaut Dir Iech Är Chancen.

Fësch 20. Februar bis 20. Mäerz
Haut ass ee gudden Dag, fir am Job weider ze kommen. Dir wierkt op Clienten, Geschäftspartner an Äre Patron credibel a kompetent.