EtudeDiesel-Gate responsabel fir ronn 10.000 Doudesfäll

Duerch déi knaschteg Diesel-Autoen wieren an Europa ronn 10.000 Mënschen ëm d'Liewe komm.

© AFP

Ronn 5.000 Doudesfäll hätt ee kéinte verhënneren, wann d'Autoskonstrukteuren an den Dieselofgaswäerter net gefuddelt hätten a sech un hir Tester an de Laboen gehal hätten. Dat geet aus enger Etude ervir, déi an enger britescher Revue spezialiséiert an der Ecologie an Ëmwelt, verëffentlecht gouf, den "Environmental Research Letters".

Fir d'Etude, déi e Méindeg verëffentlecht gouf, goufen an den 28 Memberstaaten vun der EU an, an Norwegen esou wéi och an der Schwäiz Analyse gemaach.