Welt Häerz DagKardiovaskulär Krankheeten: Doudesursaach Nummer 1 am Land

E Freideg war de Welt Häerz Dag. Hei am Land stierwen déi meescht Fraen a Männer u kardiovaskuläre Krankheeten. Weltwäit gesäit et ähnlech aus.

© WorldHeartFederatioun

Welt Häerz Dag / Reportage Nadine Gautier



Fir d'Leit fir dëse Sujet ze sensibiliséieren, se opmierksam ze maachen, wéi si d'Krankheet evitéieren oder de Risk fir se ze kréie reduzéieren kënnen, gëtt zanter dem Joer 2000 de World Heart Day organiséiert. Dee war offiziell e Freideg. Ma hei zu Lëtzebuerg ass dofir um Samschdeg op der Place d'Armes de ganzen Dag een Informatiounsevenement.

Eng sëlleche Stänn informéieren d'Leit net nëmmen iwwert Häerzrythmusstéierungen, héije Bluttdrock oder och nach iwwert d'Recherche. D'Leit kréien och gewisen, wéi si am Fall vun engem Noutfall reaniméiere sollen. Dat ginn et eng ganz Partie Stänn, wou et ëm d'Preventioun geet. Zum Beispill wéi Leit vum Fëmme fort kommen oder si sech iwwert Diabetis kënnen informéieren, sou e Jean Beissel, President vun der Société luxembourgeoise de cardiologie.

Um 10 Auer e Samschdeg de Moie fänkt d'Event un. Partner sinn ënnert anerem den CHL an d'Hôpitaux Robert Schumann. De Risk vu kardiovaskuläre Krankheeten erofsetzen, ass mol net esou schwéier, seet de Jean Beissel. Et gëllt just e puer Punkten am alldeegleche Liewen anzehalen. Dozou zielen ënnert anerem net ze Fëmmen, sech reegelméisseg Beweegen, net ze vill Iwwergewiicht hunn a sech gesond ernähren, sou de Jean Beissel.

Virun e puer Méint hat de Gesondheetsministère schonn drop opmierksam gemaach, datt hei zu Lëtzebuerg ronn 30 Prozent vun den Doudesfäll op kardiovaskuläre Krankheeten zeréck ze feiere sinn, dat si ronn 1.100 Doudesfäll. 80 Prozent vun deene kéinte verhënnert ginn, wann d'Leit genuch sensibiliséiert géife ginn.




Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.