Innovatioun an engem SpidolEmma, de Roboter, masséiert Leit zu Singapour

D'Emma huet dës Woch an engem Spidol vu Singapur ugefaange mat "schaffen". D'Emma ass e Roboter, deem seng "Aarbecht" et ass, Leit ze masséieren.

U sech ass d'Emma e robotiséierten Aarm mat enger Aart Hand. De Roboter gëtt vun der Start-Up AiTreat produzéiert a mécht "tui na"-Massagen, eng chinesesch Manéier vu Massagen. Dem Emma seng Sensore kënnen ausrechnen, wéi Steif d'Muskelen oder d'Seene sinn.

Fir 42 Euro kënnen d'Patiente aus dem Spidol sech eng hallef Stonn laang vum Emma masséiere loossen. De Roboter soll d'Aarbecht vun den Therapeuten net ersetzen, mä et hëlleft hinne méi Patienten an dësem traditionelle Spidol ze traitéieren.

Déi meescht Patienten hunn dem Emma seng Massage ganz gutt fonnt, obwuel si am Ufank net grad iwwerzeegt waren. D'Experienz war ganz positiv.




Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.