Krankheet an Ënnerernierung2016 si weltwäit all Dag ronn 15.000 Kanner gestuerwen

Et ass een alarmante Chiffer. D'lescht Joer sinn all Dag an der Moyenne 15.000 Kanner ënner fënnef Joer u Krankheeten an Ënnerernierung gestuerwen.

© AFP Archivbild

Bal d'Halschent dovu ware Puppelcher, wéi et vun der Unicef heescht. Déi heefegst Doudesursaach bei deene Klenge si Longenentzündungen, Duerchfall a Komplikatioune bei der Gebuert.

Alles an allem ass d'Kannerstierflechkeet awer zeréckgaangen. 2016 si ronn 5,6 Millioune Kanner gestuerwen. Am Joer 2000 waren et nach 9,9 Milliounen. D'Unicef huet d'Regierungen opgeruff, méi géint Honger a Krankheeten ze maachen.