International Etüd9 Mio Leit sinn 2015 wéinst Ëmweltverschmotzung gestuerwen

All 6. Doudegen op der Welt geet op Ëmweltverschmotzung zréck, dat seet eng nei Etüd, déi e Freideg an der Fachzeitung „Lancet“ publizéiert gouf.

2015 sinn enger Etüd no, weltwäit, ongeféier 9 Millioune Leit wéinst Ëmweltverschmotzung gestuerwen. Alles Mënschen, déi fréizäiteg gestuerwe sinn.

Dee Chiffer ass 3 Mol méi héich wéi d'Affer vun Aids, Tuberkulos a Malaria zesummen a 15mol méi héich wéi duerch Kricher a soss Gewalt.

Besonnesch schlëmm ass d'Loftverschmotzung duerch Industrie- an Autogaser, mä och duerch d'Verbrenne vun Holz a Kuel a Raim. Duerno komme Problemer mat knaschtegem Waasser.

Betraff sinn dem Lancet no, virun allem méi aarm Länner an där mat mëttlerem Akommes oder Staate wou sech industriell vill deet, wéi China oder Indien.