VIDEO: 25 Joer Mammographie1.930 Fäll vu Broschtkriibs tëscht 1992 an 2014 entdeckt

Fraen tëscht 50 a 70 Joer, déi bei der CNS affiliéiert sinn, kréien all 2 Joer eng Invitatioun, fir an d'Mammographie ze goen.

25 Joer Programm Mammographie (08.11.2017)
320.000 Mammographie goufen tëscht 1992 an 2014 duerchgefouert, dobäi goufen 1.930 Fäll vu Broschtkriibs entdeckt.
Zanter 25 Joer scho gëtt et de Programme Mammographie vun der Santé. All d'Fraen, déi tëscht 50 a 70 Joer al a bei der CNS affiliéiert sinn, kréien all zwee Joer eng Invitatioun, fir an d'Mammographie ze goen. Tëscht 1992 an 2014 goufen op dës Manéier 1.930 Fäll vu Broschtkriibs entdeckt, an der Moyenne 120 Fäll pro Joer. D'Material vun der Diagnos gëtt dobäi ëmmer méi modern an d'Mortalitéit duerch Broschtkriibs huet an de leschte Joren ofgeholl.

Eleng am Escher Spidol ginn eng 5.000 bis 6.000 Mammographie pro Joer duerchgefouert. Am Ganze goufen zanter 1992 zu Lëtzebuerg 320.000 Tester gemaach. Och mat der Period, wéi d'Mammographien duerchgefouert ginn, sinn d'Dokteren zefridden. All 2 Joer wier net schiedlech fir d'Patientin an den Espace wier ideal, fir de Kriibs mat Zäiten z'erkennen.



Ma net all Fra, déi invitéiert gëtt, hëlt d'Invitatioun och un. Vun an der Moyenne 30.000 Fraen, déi pro Joer geruff ginn, kommen der och 18.000 an d'Mammographie.

Fir de Kampf géint Broschtkriibs nach ze verbesseren, wier et gutt, dass verstäerkt spezialiséiert Radiologe fir Broschtkrankheeten agesat ginn. Och a Saachen Accueil an Empathie dem Patient géintiwwer wieren nach Verbesserungen dran. Allgemeng soll de Programm iwwerduecht ginn, wat nach nei, méi cibléiert Depistage an Techniken ugeet.



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.