Lëtzebuerger GesondheetssystemNach vill ze vill Tabagissem an Alkoholismus

De Lëtzebuerger Gesondheetssystem ass gutt, mä e kann nach verbessert ginn. Dat geet aus engem Rapport vun der Europäescher Kommissioun ervir.

De Rapport vun der Europäescher Kommissioun ass zesumme mat der OECD an dem Observatoire fir Gesondheetssystemer gemaach ginn. Dësen Ament gëtt en ëffentlech gemaach. Virun allem beim Tabagissem a beim Alkoholismus misst Lëtzebuerg nach Efforte maachen, esou d'Conclusioun vum Rapport. An dëse Beräicher schneit de Grand-Duché am Verglach mat anere Memberlänner vun der EU éischter schlecht of.

D'Liewenserwaardung zu Lëtzebuerg läit bei 82,4 Joer. An ass domat däitlech méi héich wéi d'Moyenne an der EU: 80,6 Joer. Dat huet virun allem domat ze dinn, dass d'Zuel vu kardiovaskuläre Krankheeten hei am Land erofgaangen ass. Nawell huet de Lëtzebuerger e Faibel fir ongesond Gewunnechten. D'Yuriko Backes vun der EU-Kommissioun hei zu Lëtzebuerg: "Zu Lëtzebuerg gëtt vill gefëmmt. De Niveau ass bedeitend zeréckgaangen. 1 vu 5 Meedercher vu 15 Joer fëmmt. Dat ass enorm. D'Regierung weess et och a ka méi cibléiert deen Deel vun der Gesellschaft informéieren."

De Konsum vun Alkohol wär am Duerchschnëtt vun Europa immens héich. Do wären et awer virun allem déi Erwuessen, déi vill Alkohol consomméiere géifen. 41 Prozent vun de Leit tëscht 18 an 24 Joer hunn uginn, méi wéi eemol de Mount op d'mannst sechs alkoholesch Gedrénks op engem Evenement ze drénken. Bei den Awunner iwwer 24 Joer waren et hei am Land 35 Prozent. Nieft den direkte gesondheetleche Konsequenze vum Alkohol géifen et och Niewewierkungen.

"Wat d'Obesitéit ugeet, läit Lëtzebuerg an der europäescher Moyenne. Mä et ass e Problem, deen ëmmer méi flagrant ass an do muss een eppes dogéint ënnerhuelen," sou d'Yuriko Backes.

Ganz vir bäi am Verglach ass de Lëtzebuerger Gesondheetssystem och bei den Depensen. Am Joer 2015 goufe pro Awunner 5.090 Euro fir Gesondheetsdéngschleeschtungen ausginn. Dat wär engersäits positiv, well et weise géif, dass d'Gesondheet vun de Bierger der Regierung wichteg wär. Ma aus dem Rapport geet och ervir, dass mat der Hausse vun den Depensen och d'Ongewëssheet fir d'Zukunft klëmmt. D' Lëtzebuerger selwer sinn zefridde mam Gesondheetssystem. Nëmmen e ganz niddrege Prozentsaz hat uginn, medezinesch schlecht versuergt ze sinn.

EU-iwwergräifend gekuckt, misst dem Rapport no op alle Fall méi Wäert op d'Präventioun geluecht ginn. Nëmmen dräi Prozent vum Budget fir d'Gesondheet an der EU ginn an d'Präventioun investéiert. Déi kéint awer immens hëllefräich sinn, virun allem fir d'Zuel vun onnéidege Visitten an den Urgencen ze drécken. Donieft misst een an der Europäescher Unioun probéieren, fir d'Expertise vun de verschiddenen Dokteren zesummenzeleeën. Déi verschidde Servicer solle méi kloer visibel gemaach ginn. An et ass d'Iddi vun der EU-Komissioun, fir eng elektronesch Patientekaart ze erstellen. Dat géif den Dokteren d'Aarbecht méi einfach maachen. Zum Beispill kéint esou besser Récksiicht op Allergië geholl ginn.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.