VIDEO: Woch vun der MëllechKanner un ee gesonde Liewensstil gewinnen

Zu Miersch um Berzelter-Haff gouf offiziell d'Woch vun der Mëllech lancéiert.

Wéi gëtt d'Mëllech produzéiert, firwat ass se gesond a wou kënnt se iwwerhaapt hir?

D'Schüler sollen d'Äntwerten heirop an der Mëllech- an Uebstwoch méi no bruecht kréien, déi um Donneschdeg um Berzelter-Haff bei Miersch presentéiert gouf. Eng 50 Betriber maachen engen 1.500 Schüler aus der Grondschoul hir Dieren vun de Ställ op, fir ze weisen, wéi d'Mëllech produzéiert gëtt.

De Landwirtschaftsminister Fernand Etgen hat hei d'Geleeënheet, de Kanner aus enger Grondschoul-Klass aus der Fiels de Wäert an d'Wäertschätzung vun de Liewensmëttel ze vermëttelen. Nieft der Schoul-Mëllech ass och de Schoul-Uebst-Programm eng wichteg europäesch Initiative, fir de Kanner Vitamin-räich Liewensmëttel méi nozebréngen.

De Fernand Etgen wëll d'Kanner gesond Ernärung léieren (07.12.2017)
De Landwirtschaftsminister Fernand Etgen hat hei d'Geleeënheet de Kanner aus enger Grondschoul-Klass aus der Fiels de Wäert vun de Liewensmëttel ze vermëttelen.


Dem Fernand Etgen ass et wichteg d'Kanner z'informéieren


Déi Jonk also sensibiliséieren an informéieren, wou Mëllech an Uebst hierkommen an firwat et wichteg ass, dës Produkter och regional anzekafen, dat wëllen déi Responsabel an  der Mëllech- an Uebstwoch natierlech och erreechen, well de Kontakt tëscht Produzenten an de Konsumenten ëmmer méi rar gëtt.

De Fernand Etgen iwwer d'Liewensmëttel

Zesumme mam gratis Verdeele vun Uebst an de Klassen ginn och Visitten a Bongerten zesumme mam Lëtzebuerger Uebstbauveräin organiséiert.

Aner Nouveautéit vun der Rentrée un: an der Grondschoul gëtt d'Mëllech fir näischt verdeelt, am Secondaire fir e verbëllegten Präis.



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.