AMMDSondage: Ëmmer méi Patiente ginn an d'Ausland

Aus dem aktuelle Sondage vun der AMMD iwwert de Lëtzebuerger Gesondheetssystem geet ervir, dass ëmmer méi Patienten fir Soinen an d'Ausland ginn.

© RTL Télé Lëtzebuerg / Sam Bouchon

Sondage Gesondheetssystem / Reportage Eric Ewald



Villes ass an der Rei, ma et gëtt och Problemer am Gesondheetssystem: Dat geet aus engem Sondage ervir, deen de Meenungsfuerschungsinstitut Quest tëscht Enn Oktober an Ufank November bei 600 Leit hei am Land am Optrag vun der AMMD gemaach huet.

Et wollt een d'Stëmm vum Patient héieren, an dozou koum et. D'Patienten hu Vertrauen an de Corps médical, maache sech Suergen iwwert d'Zukunft vum Gesondheetssystem an iwwer een Drëttel vun hinnen ass scho fir eng medezinesch Prestatioun iwwert d'Grenz gaangen. Sou kann een a kuerze Wierder e Sondage resuméieren, deen en Donneschdeg de Moie bei der AMMD presentéiert gouf.

De President vun der Doktesch- an Zänndokteschassociatioun, Dr Alain Schmit, sot virun där Virstellung, dass een drun intresséiert war eng Réckmeldung ze kréien, wéi de Stellewäert vun den Doktere bei de Patienten ass.

Extrait Dr Alain Schmit (1)



Generell ass, wat d'Dokteren ubelaangt, souwäit alles ok, mä am Spezifesche gëtt et och Kritik. Zwee där Punkte waren d'Zäit, déi den Dokter sech fir seng Patienten hëlt, an d'Possibilitéite fir e Rendez-vous ze kréien, sou de Carlo Kissen, CEO vu Quest.

Gréisser Problemer, déi déi Befroten am Gesondheetssystem gesinn, sinn d'Organisatioun vun den Urgencen an d'Vitesse, fir zum Beispill beim IRM oder beim Scanner bäizekommen.

Wat d'Vitesse ugeet, fannen ëmmerhi 86% déi net gutt, a wat d'Urgencë betrëfft, gesinn Zweedrëttel vun de Lëtzebuerger dat kritesch.

Zu den Erausfuerderunge fir d'Zukunft war et dës Ausso vum Carlo Kissen: Wann ech dat do soll interpretéieren, da liesen ech do eng gewëssen Angscht eraus. Eng Persoun vun dräi seet, de gréissten Defi ass d'Finanzéierung vum ëffentleche Gesondheetssystem, 28% soen, wéi gesäit et da mat den Infrastrukturen aus, fir an Zukunft och de Besoine vun der Populatioun gerecht ze ginn.     

Dem CEO vu Quest no wéilten d'Leit iwwregens, fir d'Käschte vum Gesondheetssystem an der Gitt ze halen, virun allem méi Génériquë verschriwwe kréien.

Den Dr Guillaume Steichen, Generalsekretär vun der AMMD, dee seng Associatioun als Affekot vun de Patiente versteet, huet no der Presentatioun de Fazit gezunn, d'Decisioun beim Dokter bleift, d'Aufgaben fir d'Zukunft awer bei der AMMD an der ëffentlecher Hand läit. Iwwerraschend wier een awer vun der héijer Zuel vu Patienten, déi Soinen an d'Ausland siche ginn. Deemno ass aus de Sondagen ervirgaangen, dass 35% vun de Leit op d'mannst eemol fir e rembourséierten Akt am Ausland waren.

Den Dr Guillaume Steichen


Wat déi zukünfteg Diskussioune mat der Politik ugeet, misst ee verschidden Zuelen aus dem Sondage am A behalen, zum Beispill déi vun de Patienten, déi fir eng Behandlung an d'Ausland ginn. Dat wär e Problem.

Extrait Dr Alain Schmit (2)

Et géif een elo mat eegene Fuerderunge bei d'Politik a bei d'CNS goen, fir eventuell Saachen z'änneren.




 

 

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.