Dat klengt Meedche gouf virun engem Joer zu São Paulo gebuer. Dat schreift d'Fachzeitung "The Lancet". Wéi et vun den Auteuren heescht, géif dës Transplantatioun ville Fraen, déi bis elo keng Kanner konnte kréien, nei Hoffnung ginn.
Bis ewell sinn esou Gebärmutter-Transplantatiounen scho mat Succès duerchgefouert ginn, allerdéngs wann den Uterus vun enger lieweger Fra gespent gouf.
Et ginn awer vill méi Fraen, déi op eng Spender-Gebärmutter hoffen, wéi et et lieweg Donatricë ginn.
Fuerscher sichen dowéinst den Ament no Méiglechkeeten, och bei verstuerwene Fraen den Uterus erauszeoperéieren.