Zanter ronn 2 WochenReserve vum Grippen-Impfstoff hei am Land opgebraucht
Am Ausland gëtt et ähnlech Problemer, zum Beispill an der Belsch an an Däitschland ass och näischt méi do.
Vun RTL

Eng ze grouss Nofro a limitéiert Produktiounsmoyene bei den Hiersteller si schold. Dat hat d'Wort e Mëttwoch gemellt.
Vaccinen: Reportage Pit Everling |
Zu Lëtzebuerg kann ee sech den Ament net géint d'Grippe impfe loossen. Et gëtt keng Vaccine méi, dat huet den Dokter Jean-Claude Schmit, Chef vun der Santé, confirméiert.
Den Dokter Jean-Claude Schmit, Chef vun der Santé |
Am Ausland gëtt et ähnlech Problemer, zum Beispill an der Belsch an an Däitschland ass och näischt méi do.
Eng Méiglechkeet fir d'nächst Joer wier déi, fir méi ze bestellen. Ma well een awer schwéier ka viraussoen, wéi vill Leit dovu géinge profitéieren, géing ee riskéieren, vill Impfstoffer mussen ewechzegeheien, esou nach de Chef vun der Direction de la Santé.
Zu den éischten Enkpäss wier et schonns Ufank November komm, antëscht wier de Stock vun 73.000 Dosen opgebraucht.
Zanter zwee Joer liwweren iwwregens just nach zwee Produzenten op Lëtzebuerg a fir de Wanter 2019/2020 wier et mat Glaxo-Smith-Kline just nach een Eenzegen, heescht et weider am Wort.
PDF: Parlamentaresch Fro vum Jean-Marie Halsdorf
PDF: Parlamentaresch Fro vum Max Hahn

Är Commentairen - Netikett
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.