HawaiiSchleek "Lonely George" gestuerwen: De Leschte vu senger Aart
Ufank Januar ass de "Lonely George" gestuerwen, de leschte hawaiianesche Bamschleek.
Vun RTL

Aktuell ginn et nach 10 Zorte vu Schleeken, déi wuel an den nächste Jore wäerten ausstierwen. E puer honnert Aarte sinn an de leschte Joerzéngte scho verschwonnen, dat eleng op Hawaii. Fir dat ze evitéieren, gouf zanter 1997 all Kéiers e puer Déiere vun all Zort gesammelt, fir datt si sech nees kënne vermeeren. Den George awer hat keng Kanner a war esou de leschten Achatinella apexfulva.
Seng Aart, e groussen a schéine Schleek, hat op Hawaii keng natierlech Feinden an huet sech esou och entwéckelt, ouni wierkleche Schutzmechanismus. Wéi dunn awer mat de Schëffer och Raten op Hawaii koumen, huet sech dëst geännert. Donieft gouf an de 50er Joren Euglandina rosea, eng weider Zort Schleek, op d'Insel bruecht. Hir Aufgab, aner net eenheemesch Schleeken ze friessen, wat net wierklech geklappt huet.
Vum George konnt een awer DNA sécherstellen, fir eventuell d'Déier eng Kéier an Zukunft ze klonen. Ähnlech war een 2012 beim "Lonesome George" virgaangen, der Rieseschildkröt, déi och déi lescht vun hirer Zort war.
Déi grouss Bamschleeken ware fir d'Urawunner vun Hawaii d'"Stëmme vum Bësch". D'Legend seet, dat wann et ganz roueg wier, hätt een den Georg a seng Aartgenosse kéinte sangen héieren...

Är Commentairen - Netikett
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.